Search

You may also like

Europa… eng Situatiounsiwwersiicht mat der Patronne
Neiegkeeten

Europa… eng Situatiounsiwwersiicht mat der Patronne

Et war dem Ursula von der Leyen hir éischt Ried

money
Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz
Neiegkeeten

Auchan gëtt 23 Chômeuren eng onbefrist Aarbechtsplaz

Gutt Nouvelle soll een net zréckhalen, an esou eng huet

De Budget fir 2020 steet
Neiegkeeten

De Budget fir 2020 steet

Gëschter hu se an der Chamber erwaardungsgeméiss de Budget 2020

En Ahoi fir de Schëffsmodellbau

Bastele war gëschter, haut geet et ëm héchsten Ingenieurskonscht am méiglechst no Plang

E ganze Weekend laang konnt een sech zu Monnerech am Zenter Arthur Thinnes un de ville flotte Schëffsmodeller erfreeën, déi vun de Membere vum Veräin „Schëffsmodellbau Monnerech Asbl“ (SMBM) a laange Stonnen zesummegeschrauft an dem Public iwwert den Ëmwee vun enger Ausstellung zougänglech gemaach goufen.

All Joers notzen d‘Männer an d‘Frae vum Veräin déi kal Joreszäit fir hir Ausstellung am Dréchnen ze organiséieren. Bei besserem Wieder trëfft ee sech um Waasserplang, wou dann och d‘Schëffer an hirem Element evoluéieren. De Veräin, deen am Summer 2002 vun engem Grapp voll motivéierte Bastel- a Konstruktiounsfrënn gegrënnt gouf, ass national wéi international beschtens opgestallt.

Schëffsmodellbau

© Martine de Lagardère/moien.lu

Esou sinn net eleng aacht verschidden Natiounen an der SMBM vertrueden, hei hu sech och déi „Frënn am Geescht“ aus der Groussregioun ugeschloss. Dir gesitt, hei geet et virun an dat op internationalem Niveau. Zudeem dierf drop higewise ginn, datt déi Monnerecher deen eenzege Veräin an dësem Segment stellen, woubäi sech net nëmmen op Schëffer ageschränkt gëtt.

D‘SMBM organiséiert nieft den Ausstellungen natierlech och Segelregattaen a soss Concourse fir Grouss a Kleng. Dat ass ëmmer mat vill Gaudi mee virun allem beschter Laun verbonnen. Wéi et heescht geet et nieft dem „Spillspaass“ jo och ëm dat Mënschlecht. Ënner Gläichgesënnten ass ee frëndschaftlecht Verhältnis ëmmer vu Virdeel, an dorobber gëtt hei nawell Wäert geluecht.

Schëffsmodellbau

An dësem vum Jos Oliver (Zolwer) gebauten „Schnellminensuchboot“ M1094 – d‘Original war zu Völklingen stationéiert – stécht d‘Aarbecht vu 25 Joer. Datt deels well d‘Aarbechten hu missen zäitweis ënnerbrach ginn, an well et guer keng Pläng ginn huet an alles op Basis vu Fotoe gemaach gouf. D‘Resultat awer léisst weisen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et heescht et géif u Krapperte feelen, firwat ee sech iwwer Nowuess géif freeën. Et dierf een awer keng Angscht hunn sech eppes dreckeg ze maachen a fir Technik sollt een och eppes iwwreg hunn. Gedold ass ëmmer gutt, a wei esou oft, wie liese kann ass däitlech am Virdeel. Mee natierlech soll och dee „grousse Krappert“ gefaangen am Kierper vun enger erwuessener Persoun matmaachen…

De Veräin deen an éischter Linn Schëffsmodellbau bedreift, huet sech zanter kuerzem ee weidert Standbeen zougeluecht. Hei geet et eppes méi klassesch iwwert Stack a Steen, dofir awer mat ferngesteierten „Offroad-Vehikel“. Hei dann eppes méi prezis am „Trial-Modus“ also ouni Gerenns, mee ganz mat Rou. Wéi ee gesäit, d‘Offer vun der „Schëffsmodellbau Monnerech Asbl“ ass gutt.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Monnerech, Schëffsmodellbau, Schëffsmodellbau Monnerech Asbl, SMBM
Next post Previous post