Search

You may also like

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg
International Neiegkeeten

Jemen: USA fuerdere Friddensverhandlunge bannent 30 Deeg

En Dënschdeg huet den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis d‘Krichsparteien am Jemen

Liesung vu „Winterreise“ – En Hommage un de Guy Wagner
International Neiegkeeten

Liesung vu „Winterreise“ – En Hommage un de Guy Wagner

Den Iechternacher Trifolion invitéiert op seng zeenesch Liesung vum Roman

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus
International Neiegkeeten

S.A.R. Groussherzog Jean: Esou gesäit d’Krypta aus

Nom ergräifende Begriefnis vum 4. Mee ass de Sarg vu

USA: 10 Jugendlecher bei Schéisserei am Ladd-Peebles Stadion blesséiert

USA: 10 Jugendlecher bei Schéisserei am Ladd-Peebles Stadion blesséiert

No engem „Football“ Spill am Ladd-Peebles Stadion zu Mobile (US-Bundesstaat Alabama) ass et laut den Autoritéiten zu enger Schéisserei komm. Op mannst 10 Persoune wiere bei dësem Virfall blesséiert ginn. Zwou Persounen si verhaft ginn, woubäi net gewosst ass op si eppes mat der Dot ze dinn hunn.

Laut Zeien déi mat indymedia geschwat hunn, huet sech d‘Schéisserei géint 21.00 Auer (Lokalzäit) am Stadion zougedroen. Hei war en Highschool Football-Match grad op en Enn gaangen, wéi et an den Tribünen zu Gestreits koum. De Policechef vu Mobile, Lawrence Battiste, huet de Medie virun e puer Minutten an enger Pressekonferenz éischt Detailer zum Virfall ginn.

Ladd-Peebles Stadion„Mir hunn op mannst 10 Verletzter. Déi sinn op déi verschidde Spidäler vun der Stad verdeelt ginn. Si sinn awer net all duerch d‘Schëss blesséiert ginn. Eng Rei Verletzungen hunn sech d‘Leit awer zougezu wéi si versicht hunn sech a Sécherheet ze bréngen. Fir den Ament hu mir zwou Persounen an Haft, mee et ass nach net bestätegt ob si eppes mat der Dot ze dinn hunn. Et mussen elo och vill Zeie gehéiert ginn, iert een ee kloert Bild vun deem wat sech zougedroen huet maache kann“.

Ladd-Peebles StadionBeim Spill haten sech d‘Teams vun der „Leflore Highschool“ an der „Williamson Highschool“ géinteniwwer gestanen. D‘Spill ass mat 10-0 fir Williamson ausgaangen. Zu Identitéit vun de Verletzte gëtt et och nach keng bestätegt Informatiounen, et ass fir den ament just gewosst, datt et sech bei den Affer ëm jugendlecher am Alter vu 15 bis 18 Joer handele soll.

mat indymedia/mob

Related topics Alabama, Ladd-Peebles Stadion, Mobile, Schéiss
Next post Previous post