Search

You may also like

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
International Neiegkeeten

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

Avis fir de Public: D‘Police mécht d‘Büroen dicht
International Neiegkeeten

Avis fir de Public: D‘Police mécht d‘Büroen dicht

Ugesiichts der aktueller Situatioun am Kontext vun der Coronavirus Epidemie

money
De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen
International Neiegkeeten

De Lex Delles wëll den Entreprisen hëllefen

Wéinst der Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, gerode vill

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger

Schéisserei zu Las Vegas: 58 Doudeger

Um Sonndegowend huet zu Las Vegas e Mann d‘op d‘Besicher vun engem Open Air Concert geschoss. Op mannst 58 Affer sinn ze bekloen. Et ass zugläich déi schlëmmste Schéisserei an den USA säit Joerzéngten. Iwwer 400 Mënschen si bei dëser gräisslecher Dot verletzt ginn.

Et haten sech iwwer 22.000 Leit fir de Country-Museksfestival „Route 91 Harvest“ beim Mandala Bay Hotel zesummefonnt. De Mäerder huet op den Optrëtt vum Jason Aldean, ee vun de grousse Nimm an der Country-Zeen gewaart fir seng Dot ze vollbréngen.

Den Tireur hat sech seng Positioun am 32. Stack vum Mandala Bay Hotel erausgesicht. Aus där Héicht hat hien e fräit Schossfeld op de Public. Den Tireur, de 64 järege Stephen Paddock, huet sech, laut der Informatioun vum Sheriff Joseph Lombardo, selwer geriicht wéi d‘Police d‘Zëmmer gestiermt huet. Am Zëmmer selwer sinn ee sëlleche Waffe fonnt ginn.

Via Twitter huet den US-President, dee vum Virfall informéiert ginn ass, säi Bäileed un d‘Familljen a Frënn ausgedréckt. An enger Usproch huet sech den Donald Trump besuergt gewisen an ugekënnegt sech schonn e Mëttwoch op Las Vegas ze beginn, fir sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun ze maachen. D‘Dot selwer huet de President als „dat absolut Béist“ bezeechent.

En Albdram

„Mir waren derbäi ee schéinen Owend ze verbréngen, wéi eppes héieren hunn wat sech wéi Knupperten unhéieren huet. Tatsächlech awer war et eng automatesch Waff a voller Aktioun. Mee et huet sech unhéiere wei Knupperten“, esou den Zeie Joe Pitz géintiwwer lokale Medien.

D‘Ursaache vun der Schéisserei bleiwen onkloer an d‘Grënn vum Tireur sinn net bekannt. D‘Propaganda Agence vum Islamesche Staat huet wuel direkt dëst Attentat revendiquéiert, mee dat gëtt vun den Autoritéiten als zimlech onwahrscheinlech betruecht. Trotzdeem muss och dëser Spuer nogaange ginn.

Bekannt ass just, datt de Stephen Paddock zu Mesquite, enger Stad vun 18.000 Awunner, gewunnt huet. Seng Liewenspartnerin, no där d‘Police direkt no der Identifizéierung vum Tireur gesicht huet, ass am Ausland lokaliséiert ginn. Et wier mat der Fra geschwat ginn an d‘Autoritéite ginn net dovunner aus dat si eppes mat der Dot ze dinn huet.

Betraff a besuergt

An engem Message via Instagram huet de Sänger Jason Aldean matgedeelt, datt et him an de Membere vun der Band gutt géif goen. „Den Owend ass wäit iwwer den Horror gaangen“ huet de Sänger geschriwwen. „Meng Gedanken a Gebieder ginn un all d‘Leit déi op mengem Concert waren“.

Den Hotel a seng Alentoure sinn vun der Police ofgespaart ginn. D‘Direktioun vum Hotel huet op Twitter matgedeelt: „Eis Gedanken a Gebieder ginn un all d‘Affer vun den trageschen Evenementer vun der leschter Nuecht“. Op den éischte Biller déi kuerz no der Dot an de sozialen Netzwierker ze gesi waren, huet een d‘Leit kënne gesinn déi um Concert waren. An de Videoen ze héieren, laang d‘Schëss a laange Stéiss…

Op de Fotoen déi während dem Concert gemaach gi sinn, konnt ee Leit erkennen déi sichtlech verletzt waren an um Buedem virun de Bühn geleeën hunn. Deels ware Leit bei hinnen déi éicht Hëllef geleescht hunn.

Schrecklech Beschreiwung

„Et huet ugefaange wéi de Klang vu gebrachem Glas. Mir hunn eis ëmgekuckt fir gewuer ze gi wat lass wier. E puer Minutte méi spéit hu mer pop-pop-pop-pop héieren. Mir hu geduecht ech wier e Freedefeier oder Knupperten an hunn festgestallt, datt et dat net ass, et ass geschoss ginn“, erzielt der CNN d‘Monique Dekerf, eng Zuschauerin. „Mir hunn e Moment geduecht, ok eis geet et gutt, wéi nees ugefaangen huet“.

De Robert Hayes, e Pompjee vu Los Angeles huet d‘Zeen dem Noriichtesender Fox News beschriwwen: „Et war eng Krichszeen. Ech denken, datt mat bal 30.000 Leit déi um Concert waren, et onglécklecherweis net schwéier war Mënschen ëmzebréngen. Deen huet net emol missen e gudden Tireur sinn“.

Vu London aus huet d‘Premierministesch Theresa May d‘Condoleance vum britesche Vollek un d‘Affer vun der Schéisserei geriicht. Och de franséische President, Emmanuel Macron, huet sech betraff gewisen a via Twitter gedenkt hie „sengen amerikanesche Frënn déi der zäitgenëssescher Gewalt ausgesat sinn“. Zu Éieren vun den Affer vu Marseille a Las Vegas, bleift den Eiffeltuerm den Owend däischter.

mam Frankie Taggart/AFP

Foto: Leit ginn an Deckung beim Country-Musekfestival „Route 91 Harvest“. E Mann vu 64 Joer huet aus dem 32. Stack vum Mandala Bay Hotel op d‘Besicher vum Concert geschoss. Mindestens 58 Mënschen hunn hei hiert Liewe verluer. © David Becker/Getty Images/AFP

Related topics Donald Trump, Las Vegas, Stephen Padock
Next post Previous post