Vereenten Natioune leeën neie Klimabericht vir
Et schéngt nach ëmmer net wierklech verstanen ze ginn, datt
Et schéngt nach ëmmer net wierklech verstanen ze ginn, datt
An der Uewerstad lafe komesch Gestalten uechter d‘Foussgängerzon. Dës Mënschen
En Dënschdeg huet den US-Verdeedegungsminister Jim Mattis d‘Krichsparteien am Jemen
Während dem Freideg-Gebiet ass et zu Christchurch (Neiséiland) zu Attacken op Moscheeë komm. Laut der Police, wieren 27 Persoune verstuerwen a 15 Mënschen deels uerg blesséiert ginn. Mee dëse Bilan kann nëmme virleefeg sinn. 4 Verdächteger wieren och festgeholl ginn, mee et gëtt mat weideren Täter gerechent, firwat d‘Police d‘Leit opgeruff huet sech net dobaussen opzehalen.
De Spriecher vun der Police vu Christchurch, Mike Bush, huet eis géinteniwwer bestätegt, datt déi Attacke koordinéiert waren an de Stadzentrum wäitraimeg ofgespaart ginn ass. Fir all Risk aus de Féiss ze goen, sinn d‘Schoule vun der Stad verrigelt ginn, an d‘Kanner dierfen d‘Klassesäll den Ament net verloossen. Am selwechte Kontext sinn d‘Leit opgeruff net an eng Moschee ze goen.
Iwwert déi bekannte sozial Netzwierker huet de Mike Bush, senger Matbierger vun den eeschten an tragesche Virfäll bericht, an appelléiert besonnesch un d‘Moslemen am Land, wann nëmme méiglech doheem ze bleiwen, an ënnert kengen Ëmstänn an eng Moschee ze goen. Well d‘Lag nach oniwwersiichtlech ass, hunn d‘Sécherheetskräften déi ëffentlech Administratiounen zougemaach.
En Aenzeie wëll e Mann gesinn hunn, dee ganz schwaarz gekleet war. Dëse wier an d‘Moschee Masdschid al-Noor eragaangen, an direkt am Uschloss wier geschoss ginn. Et hätt dann och nëmmen en Ament gedauert, bis Leit panesch aus dem Gebietshaus geflücht sinn. De méiglechen Täter huet och d‘Gebai verlooss, an dobäi eppes fale gelooss, wat wéi eng Waff ausgesinn huet.
Den zweeten Ugrëff huet et op d‘Linwood Masdschid Moschee ginn. Hei huet en Zeie bericht, datt hien däitlech héieren huet wéi an der Moschee geschoss ginn ass, an hie seet sech iwwerzeegt, datt op mannst ee vun de Gleewegen, sech mat enger Waff dem oder den Ugräifer entgéintgestallt muss hunn. Säitens der Police vu Christchurch, konnt oder sollt dës Ausso net confirméiert ginn.
An enger Interventioun, huet d‘Premierministesch, Jacinda Ardern, vun engem „schwaarzen Dag fir Neiséiland“ geschwat, an d‘Leit gebiede Rou ze behalen. Esouwäit eng éischt kuerz Stellungnam. D‘Regierungscheffin, huet sech uschléissend mat hirer Equipp zesummegesat, a wier, esou déi lescht offiziell Informatioun, ënnerwee fir sech op der Plaz e Bild vun der Situatioun ze maachen.
mat indymedia/chc/akl