Search

You may also like

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!
International Neiegkeeten

Traureg Realitéit: Just nach 22 Exemplare vum klengste Wal vun der Welt!

De klengste Wal, och Schwéngswal oder Vaquita genannt, steet mat

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!
International Neiegkeeten

AiLaike Handmade Iced Tea – Frësche Wand fir d’Geschmacksknospen!

Am Joer 2011 war et den Nils Beierlein aus Mainz,

Déi Nominéiert vum Lëtzebuerger Buchpräis sti fest!
International Neiegkeeten

Déi Nominéiert vum Lëtzebuerger Buchpräis sti fest!

Et ass souwäit: De Lëtzebuerger Buchpräis 2020 geet endlech an

Breaking News: 10 Doudeger no Schéisserei zu Dayton (USA)

Breaking News: 10 Doudeger no Schéisserei zu Dayton (USA)

Laut der Police vun Dayton am Bundesstaat Ohio, huet e Mann néng Mënschen erschoss an 16 weider Persoune blesséiert. Den Täter soll nach op der Plaz vu Beamten néiergestreckt gi sinn.

D‘Schéisserei an engem Akafszenter zu El Paso (Texas) ass nach keng 24 Stonnen al, do kënnt schonn déi nächst gräisslech Meldung. Fir d‘Amerikaner sinn och esou „Faits Divers“ net esou wierklech den Alldag.

Vum Dayton Police Departement gouf et elo éischt Informatiounen zum Virfall. Si bestätegt déi néng Affer a 16 verletzte Persounen. Och den Täter wier dout. Zum Zäitpunkt vun der Attack wieren Asazkräften an der Géigend gewiescht.

D‘Beamten hätte séier a bestëmmt reagéiert, firwat d‘Situatioun zäitno gekläert konnt ginn. De Virfall huet sech am Oregon Distrikt zougedroen. Den Täter hätt um 1 Auer moies mat ugefaangen op d‘Leit ze schéissen.

Den Oregon Distrikt ass en historesche Quartier vun Dayton. Hei gëtt et masseg Bistroen, Restauranten a n Theater. Dat bedeit awer och datt den Tatort riseg ass, firwat den FBI an d‘Enquête agebonne ginn ass. Den US-President huet nach net getwittert…

mat indymedia/col

Related topics Dayton, Ohio, Schéisserei
Next post Previous post