Covid19-Situatiounsiwwersiicht fir Lëtzebuerg
„Zu Lëtzebuerg bleift d‘Zuel vun den Neiinfektiounen onverännert héich, mee
„Zu Lëtzebuerg bleift d‘Zuel vun den Neiinfektiounen onverännert héich, mee
Wéi de Communicatiounsdéngscht WhatsApp elo zouginn huet, soll eng Sécherheetslück
Mam modifizéierte Covid19-Gesetz, datt e Mëttwoch an der Chamber vun
Bei heftege Schosswiessel am US-Bundesstaat New Jersey si sechs Mënsche verstuerwen. D‘Affer wieren dräi Passanten, ee Polizist an zwee Verdächteger. D‘Schéisserei hätt iwwert eng Stonn gedauert obwuel d‘Autoritéite séier reagéiert en entspriechend Asazkräften op d‘Plaz beuerdert hunn. Obwuel d‘Ermëttlungen nach lafen, gëtt hei en terroristeschen Hannergrond ausgeschloss.
Zur dot ass bekannt, datt de Polizist, deen an engem Mordfall ermëttelt huet, op zwou verdächteg Persounen um Kierfecht duergaangen ass, wéi dës d‘Feier erëffent hunn. Déi zwee Brigange sinn uschléissend an eng Kosher Epicerie gestiermt, wou d‘Schéisserei weider gaangen ass. Hei si spéider d‘Läiche vun dëse „Verdächtegen“ esou wéi dräi weider Läiche vun der Police fonnt ginn.
De Policechef vu Jersey-City, Michael Kelly, huet nach ergänzt, datt d‘Schéisserei géint 12.30 Auer (Lokalzäit) lassgaangen ass. „Eis Beamte stounge stonnelaang ënner Beschoss. (…) Wat dës Gewalt ausgeléist huet, konnt zur Stonn net ermëttelt ginn. Beim Schosswiessel mat de Verdächtege sinn nach zwee weider Poliziste blesséiert ginn. Si goufe behandelt a hunn d‘Spidol och nees verlooss.
Jersey-City ass direkt géinteniwwer New York, op där anerer Säit vum Hudson-River geleeën. Dat ganzt hat fir Panik am Quartier gesuergt. Eng kathoulesch Schoul gouf zur Sécherheet ofgerigelt, de Kanner ass dann och näischt geschitt. Dosende Gaffer hätten dogéint d‘Aarbecht vun der Police behënnert, wéi si versicht hätte méiglechst no un d‘Aktioun erunzekomme fir se ze filmen…
mat indymedia/nyc
Foto: Wéinst der Intensitéit vun der Schéisserei, ass d‘Police vun New York (NYPD) mat engem eppes ausgefalen awer gepanzertem Gefier zur Ënnerstëtzung ugeréckt. © Ricardo Kaulessar