Search

You may also like

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?
International Neiegkeeten

Wéi geet et mat der Verfassungsreform weider?

Eis Verfassung ass wuel net déi schlechtst, mee och si

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert
International Neiegkeeten

Kropemannsfest 2018 – De Réidener Waassergeescht huet nees dausende Leit begeeschtert

E Sonndeg huet Réiden erëm mat ee grousse Programm un

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder
International Neiegkeeten

Ab haut brauch all nei Wunneng en Dampmelder

Um haidege Mëttwoch ass dat sougenannten „Dampmelder-Gesetz“ a Kraaft getrueden.

Véier Doudeger bei Schéisserei zu New York

Véier Doudeger bei Schéisserei zu New York

Op Mannst véier Persoune sinn e Samschdegmuere bei engem Schosswiessel zu New York an engem illegale Wettbüro gestuerwen, esou d‘Deklaratioun vun de Police. 5 weider Mënsche wiere blesséiert a vun de Rettungsdéngschter an d‘Spidol gefouert ginn. Et géif bei kengem vun dësen Affer Liewensgefor bestoen, esou d‘Autoritéiten.

New York

Mord an Doudschlag, déi lokal Medie gräifen dës Themen ëmmer gären op.

D‘Police geet bei dësem Virfall zu Stonn net dovunner aus, datt et sech heibäi ëm „Vergeltung“ oder enger Ausenanersetzung tëscht Banden handelt. De Chef-Detektiv vun der New Yorker Police, Dermot F. Shea: „Et ass nach eppes ze fréi fir wëssen, ab et sech hei ëm ee Sträit, eng Ausenanersetzung wéinst de Wetten oder en Iwwerfall handelt“.

Op der Plaz konnten zwou Waffe séchergestallt ginn. Déi New Yorker Police (NYPD) geet vun op mannst 15 Schëss aus, déi an dësem „Wettbüro“ – deen den Autoritéite bis ewell net bekannt war – op d‘Leit ofgi sinn. D‘Affer sinn tëscht 32 an 49 Joer al. An den USA gehéiert de Waffemëssbrauch an d‘Uwennung vu Gewalt zum Alldag…

New York

© Tina Moore, NY Post Police Bureau Chief (via Twitter)

Eleng am Mount September sinn zu New York 67 „Virfäll“ mat Schosswaffegebrauch notéiert ginn. Interessanterweis (d‘lescht Joer war et der 71) ass d‘Police trotz dëser fir Europäer „héich“ Zuel vu Gewaltdote ganz zefridden. Si notéieren datt, zanter datt 1994 eng Datebank ugeluecht ginn ass, fir all d‘Fäll ze notéieren, et dee rouegste September an der Geschicht vun der Stad ass.

D‘Verfassung gëtt (bal) all Amerikaner dat verbréifte Recht op eng Waff. Doudeger oder Verletzter duerch Schosswaffe sinn an den USA bal esou normal wéi de Stau op eisen Autobunnen. Ëmmer méi Amerikaner fuerderen eng Verschäerfung vum Waffegesetz. Déi allmächteg NRA (National Rifle Associatioun) an d‘Politik verhënneren dat.

mat indymedia/nyc

Foto: Bei der Schéisserei an engem illegale Wettbüro zu Brooklyn (New York) si véier Persounen ëmkomm. U sech den ganz normalen Alldag am „Big Apple“. © Melissa Pedersen

Related topics Alldag, Brooklyn, New York, NYPD, Schéisserei, Wettbüro
Next post Previous post