Search

You may also like

Präisiwwerreechung vum „Bénévole sportif 2018“
International Neiegkeeten Stories

Präisiwwerreechung vum „Bénévole sportif 2018“

Vergaangene Mëttwoch huet de Sportminister Dan Kersch, zesumme mam President

dislike
Editorial: Tëscht Clientelismus an guddem Wëllen
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Tëscht Clientelismus an guddem Wëllen

Den Aarbechtsministère war ee Méindeg Géigestand vun enger Pressekonferenz, bei

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!
International Neiegkeeten Stories

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!

D’ALEPS, d’Association Luxembourgeoise des Enseignants Pour Professions de Santé asbl,

Derek Chauvin: „Schëlleg am Sënn vun der Uklo“

Am Prozess géint den amerikanesche Polizist, deen zu Minneapolis dem George Floyd de Knéi esoulaang an d‘Genéck gedréckt hat, bis dëse verstuerwen ass, hunn sech déi 12 Geschwueren op en Urteel verstännegt

Derek Chauvin: „Schëlleg am Sënn vun der Uklo“

D‘Geriicht befënnt den Ugekloten Derek Chauvin an allen dräi Uklopunkte fir schëlleg. De Polizist gëtt domadder fir ee „Mord am zweete Grad ouni Virsaz, Mord am zweete Grad an Doudschlag am zweete Grad“ verantwortlech gemaach, erkläert de Riichter Peter Cahill. Wat dat fir d‘Strofmooss bedeit? Dem Polizist dreeë bis zu 75 Joer Prisong, woubäi d‘Haftdauer nach muss bestëmmt ginn.

An aacht Wochen, esou de Riichter Peter Cahill, gëtt dat geneet Strofmooss verkënnt. Dem Derek Chauvin seng Fräiloossung op Kautioun gouf da folgerichteg och opgehuewen, nodeems sech déi Geschwuere mat hirer Decisioun fir d‘Schold vum Staatsbeamten ausgedréckt haten. De Mäerder ass nom Urteel an Handschellen aus dem Tribunal gefouert ginn. En Appell ass nach méiglech…

Mord ass net gläich Mord

D‘Amerikaner, ee Vollek dat sech zum Zäitverdréif mat Waffen andeckt an se och zur géigesäiteger Vernichtung tatkräfteg asetzt. Eng ugestaamte Kriminalitéit, systemesch Gewaltausübung a virun allem d‘Fleeg vun engem latente Rassismus… eigentlech normal, datt si „Mord“ an der Aart wéi d‘Wëssenschaft „Klassifikatiounen“ opstellt, d‘Manéier wéi een en aneren ëmbréngt tabelléiert.

Chauvin

Am Fall vun dësem Polizist, gëtt de Gest an d‘Form vum Mord bewäert, a wien de System esou net kennt, kéint sech virkommen, wéi bei de Bewäertung fir ee Lidd beim ESC. De schlëmmste Virworf bezitt sich op de „Mord am zweete Grad“, dofir kann een am Minnesota maximal 40 Joer kréien. A fir den „drëtte Grad“ ginn et nach 25 Joer, beim Doudschlag läit de Maximum bei 10 Joer Prisong.

Theoretesch kéint de Beamten hei bis zu 75 Joer opgedréckt kréien. Elo ass de Mann wuel éischter en Onmënsch, mee ëmmerhin net virbestrooft. Et dierft also net de „volle Programm“ ginn, woubäi de Procureur kann an Appell goen, a wéinst der Häert vum Mord, hei ee méi konsequent Strofmooss afuerderen. Dovunner ass awer kaum auszegoen, a vill Jore wäerten an dësem Fall net ofgezu ginn.

Ee Wuert vum US-President

Wat de Mord um George Floyd matten an der Pandemie fir ee Chaos erbäigefouert huet, dat kann op der Welt kaum engem entgaange sinn. Dem Joe Biden säi Virgänger hat den Eescht vun der Lag natierlech net erkannt, an den George Floyd sollt an der Folleg, net dat eenzegt afroamerikanescht Affer vun engem ganz reellen a systemesche Rassismus an Amerika bleiwen. Dat soll sech änneren.

Vill Mënschen an den USA hunn dann och op en Urteel gehofft, datt en Zeeche géint Rassismus a Policegewalt setze géif. Net manner Amerikaner hu grad de Géigendeel erwaart, well si eben der Meenung sinn, datt wann ee Mënsch vu schwaarzer Hautfaarf verdächtegt gëtt eng Strofdot begaangen zu hunn, da muss richteg haart duerchgegraff ginn. A wann ee stierft ass et eben esou…

Den aktuellen US-President Joe Biden huet um Dënschdegnomëtten, nodeems d‘Jury sech hannert zouen Diere beginn huet (soss wier et Aflossnam) der Natioun matgedeelt, datt hie géif bieden. Hie géif dofir bieden, datt ee „richtegt Urteel“ gefält gëtt. D‘Méiglech vun enger ganz gerénger Strof, jo esouguer ee Fräisproch, war duerchaus méiglech. D‘Konsequenzen dovunner awer net auszemolen.

An ëmmer nees d‘Hautfaarf

Am Uschloss un d‘Urteel, huet d‘Vizepresidentin Kamala Harris Moossnamen ugekënnegt, mat deenen dem strukturelle Rassismus an den USA soll begéint ginn. Si ass iwwerzeegt, datt esou eng institutionaliséiert Diskriminéierung net nëmmen ee Problem vum „schwaarzen“ Amerika ass, jo net emol vun anere Minoritéiten, ass. Et ass also nach net alles gekläert a villes bleift onbeäntwert.

Chauvin

Ob et domadder gedoen ass, als 80 järegen zum Kampf géint Rassismus a Policegewalt opzeruffen, besonnesch wou ee mindestens 60 Joer laang mat Häerz a Séil fir „dëse System“ agetrueden ass? Et ass jiddefalls kloer, datt een no dësem Urteel gutt berode wier de Ball um lafen ze halen. Wien elo mengt d‘Aarbecht wier erleedegt, mécht sech ongewollt zum Kompliz vun der nächster Affär.

De fréieren US-President Barack Obama huet zesumme mat senger Fra ee gréissere Statement zum Urteel verëffentlecht. Resuméiert, geet et ëm d‘Fuerderung vun Ëmdenken a Reformen. Wann et wierklech sollt gerecht zougoen, muss d‘Evidenz, datt schwaarz Amerikaner „anescht“ behandelt ginn endlech unerkannt ginn, eréischt da kann een dogéint virgoen. Wann et just dorëms goe géif…

mat indymedia/min/nyc

Bild: Nodeems d‘Jury hire Scholdsproch festgeluecht hat, an den amerikanesche Polizist Derek Chauvin an alle Punkte schëlleg geschwat gouf, ass dësem seng Kautioun opgehuewe ginn. Vum Geriichtssall ass de Mäerder direkt an de Prisong iwwerstallt ginn. (Videocut – im/nyc)

Related topics BLM, Derek Chauvin, George Floyd, Joe Biden, Minneapolis, Minnesota, Rassismus, US-Police
Next post Previous post