Search

You may also like

Editorial: Wann der zwee sech streiden…
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Wann der zwee sech streiden…

Dat déi „grouss“ Manifestatioune vun OGBL an LCGB, fir d’Rechter

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert
Meenung Neiegkeeten

Feierlech Erënnerungszeremonie op der Gedenkplaz „SS-Sonnerlager“ KZ Hinzert

Um Samschdeg huet de Groussherzog Henri un der feierlecher Erënnerungszeremonie

Stad Lëtzebuerg: Déi lénk gesinn de Budget kritesch
Meenung Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Déi lénk gesinn de Budget kritesch

Nach virun der Debatt am Stater Gemengerot, hunn déi lénk

Schëllerklappen ass feel un der Plaz

D‘ALJP huet en Donneschdeg d‘Aussoe vun esou muenchem Politiker wärend dem Debat ëm dat neit Pressehëllefgesetz an der Chamber mat eppes Verwonnerung verfollegt.

Schëllerklappen ass feel un der Plaz

Engersäits begréisst d‘ALJP d‘Adoptioun vun dësem Gesetz, kennt een dach beschtens déi prekär Situatioun, an der sech déi Lëtzebuerger Presselandschaft, hei besonnesch d‘Printmedien, zur Zäit befannen. Begréissenswäert ass och d‘Tatsaach, datt d‘Pressehëllef net méi opgrond de bedréckte redaktionnelle Säiten, mä unhand der Unzuel vun de fest agestallte Journalisten a vum Presserot unerkannte Journaliste berechent gëtt.

Bei alle Lueweshymnen déi um Donneschdeg um Riednerpult a Richtung Mediekommissioun vun der Chamber ze héiere waren, sollt een awer verschidde Punkten net aus den Ae verléieren:

  • D‘Definitioun vum „Journalist“, déi am Pressegesetz vun 2004 verankert ass, hätt onbedéngt missen iwwerschafft ginn. Leider ass dat net geschitt, obwuel d‘ALJP op déi domadder verbonne Gefore widderholl opmierksam gemaach huet. Mam neie Gesetz huet een elo d‘Diere wäit opgemaach, fir d‘Beruffsbezeechnung „Journalist“ reegelrecht ze verschierbelen. Et ass bedauernswäert, datt d‘Mediekommissioun, d‘Virschléi vum Presserot dozou genau esou ignoréiert huet, wéi d‘Demande vun der Kaartekommissioun, déi elo ënner nach méi Drock steet, méi Mëttel zur Verfügung ze stellen;
  • entgéint den um Riednerpult getätegten Aussoe vum DP-Deputéierte Pim Knaff, hat d‘ALJP kengeswees d‘Absicht d‘Adoptioun vum Gesetz ze verzögeren. D‘ALJP hat schonn am September d‘lescht Joer eng Ënnerriedung mat der Mediekommissioun ugefrot. Eng Demande déi oft widderholl gouf, a vum President vun dëser Kommissioun, dem DP-Deputéierte Guy Arendt, ni berécksiichtegt ginn ass. Mat senger Ausso an enger Remark a Richtung ALJP wollt de Pim Knaff wuel nëmmen iwwer déi vill Problemer, déi wärend de leschte Méint bannent der Mediekommissioun virgeherrscht hunn, mat enger falscher Noriicht ewechtäuschen. D‘ALJP weist sech an der Folleg besuergt doriwwer, wéi einfach esou eng falsch Noriicht an der Chamber zirkuléiere kann;
  • déi direkt vu verschiddenen Deputéierte getätegt Ausso, datt d‘ALJP zu dësem Gesetz gehéiert gi wier, stëmmt och net. Nodeems déi Gesetzesvirlag vum Dësch war, an eng nei virgeluecht gouf, déi net méi vill mat der éischter ze dinn hat, gouf d‘ALJP zu kenger eenzeger Entrevue agelueden. Gläichermoosse sinn de meeschte Bedenken, déi an den Avise vun der ALJP an dem Presserot widderholl duergeluecht goufen, net Rechnung gedroe ginn.

Mir kéinten hei nach weider Punkten opféieren, op déi mir an de vergaangene Wochen a Méint scho widderholl opmierksam gemaach hunn, wat awer de Kader vun dësem Communiqué sprenge géif. D‘ALJP deelt dat Schëllerklappe vun de Politiker, dat en Donneschdeg um Riednerpult net ofräisse wollt, dohier net.

Um Donneschdeg gouf gläichfalls an Aussicht gestallt, no zwee Joer ee Bilan ze zéien. Mir weisen drop hin, datt 2023 ee Waljoer ass an eist aus dësem Grond d‘Verspriechen nëmme schwéier realiséierbar erschéngt. D‘ALPJP wäert d‘Verännerunge vun der Presselandschaft an dem Beruffsstand vum Journalist, déi dat neit Gesetz onweigerlech wäert zur Folleg hunn, ganz genee obeservéieren. Éischt negativ Unzeeche sinn ewell ze verzeechnen, dobäi handelt et sech viraussiichtlech nëmmen ëm d‘Spëtzt vum Äisbierg.

Matgedeelt vun der ALJP – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser – d‘Meenung ass déi vun den Auteure a spigelt net zwéngend d‘Positioun vun eiser Redaktioun zeréck

Illustratioun: © Zahra Amiri / unsplash

Related topics ALJP, Chamber, Pressehëllefgesetz, Presserot
Next post Previous post