Search

You may also like

D’Myriam Filali ass déi nei Generaldirektesch vu Rockids
International Neiegkeeten

D’Myriam Filali ass déi nei Generaldirektesch vu Rockids

Rockids, de Betreiungsservice a Bildungsdéngscht fir Kanner vun 0 bis

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister
International Neiegkeeten

Spekulatioune ronderëm de Wirtschaftsminister

Nach ass den Etienne Schneider am Amt, mee de 4.

Brittesch Migratiounspolitik um Proufstand
International Neiegkeeten

Brittesch Migratiounspolitik um Proufstand

Déi illegal Awanderung iwwert de Äermelkanal huet an de leschte

Washington: Schëss virum Kapitol

Automobilist rammt Ofspärung virum Sëtz vum US-Kongress… zwee Mënsche stierwen

Washington: Schëss virum Kapitol

Um Freideg ass an der US-Haaptstad ee Mann mat sengem Auto an d‘Ofspärung vum Kapitol, dem Sëtz vum amerikanesche Kongress, gerannt an huet dobäi ee Polizist ëmbruecht, e weidere Beamte gouf ganz schwéier blesséiert. Uschléissend ass de Mann mat engem Messer bewaffent aus sengem Gefier geklommen. Well hien der Opfuerderung seng Waff falen ze loossen net nokomm ass, hunn d‘Sécherheetskräften de Mann erschoss.

JacquiHeinrich

Als éischt „Motivatioun“ gouf a gewësse Medien, mee natierlech och an de sozialen Netzwierker, nees den Terrorismus ugefouert. Laut dem Washingtoner Policechef Robert Contee gëtt et fir esou eng Ausso weder Hiweiser nach Erkenntnisser. De Mann wier der Police net bekannt an aktuell kann d‘Thees vum Terrorakt net bestätegt ginn. De ganzen Areal ronderëm de Kongress ass zur Stonn nach ëmmer vëlleg ofgespaart.

Zum Zäitpunkt vum Virfall ee Freideg dierfte wéineg Volleksvertrieder am Gebai gewiescht sinn, et war nämlech kee Sëtzungsdag. De President Joe Biden huet sech um Landsëtz „Camp David“ am Maryland opgehalen. D‘Presidentin vum Representantenhaus Nancy Pelosi huet ugeuerdent, datt de Fändel op Hallefmast gesat gëtt, esou den Drew Hammill via Twitter. Nom „Stuerm op d‘Kapitol“ war d‘Sécherheet massiv erhéicht ginn.

Update: Beim Chauffer vum Gefier dat an d‘Barrikade vum Kapitol gerannt ass, sol et sech ëm de 25 järegen Noah Green handelen. Hie soll en Unhänger vum ëmstriddene Islampriedeger Louis Farrakhan (Nation of Islam) sinn. Dat dierft sech op d‘Theorie vun engem reliéis motivéierten Attentat auswierken.

mat indymedia/was

Related topics Attentat, Kapitol, Kongress, Louis Farrakhan, Nation of Islam, Noah Green, Schéisserei, Washington
Next post Previous post