Search

You may also like

Covid19: Regierungsrot wëll de Gesondheetssystem schützen
International Neiegkeeten

Covid19: Regierungsrot wëll de Gesondheetssystem schützen

Een neierleche Lockdown muss aus wirtschaftlech Grënn zwéngend verhënnert ginn,

Schéisserei an Akafszenter zu El Paso: Mindestens 20 Affer
International Neiegkeeten

Schéisserei an Akafszenter zu El Paso: Mindestens 20 Affer

Am texaneschen El Paso ass et gëschter zu enger Schéisserei

surprise
Den ëffentlechen Transport entwéckelt sech zum Wahlthema
International Neiegkeeten

Den ëffentlechen Transport entwéckelt sech zum Wahlthema

Et soll een sech zwar net op d’sozial Netzwierker verloossen,

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown

Iwwert d‘Chrëschtdeeg konnten d‘Éisträicher et eppes méi labber ugoen an op Hellegowend waren d‘Schipisten opgemaach ginn. Elo geet et an den drëtte Confinement. Den éisträichesche Kanzler Sebastian Kuerz huet op der nationaler Tëlee erkläert, datt hie zu Ufank vum neie Joer an Europa eng drëtt Infektiounswell virgesäit. De Mann ass allerdéngs net Wëssenschaftler.

Matten op engem Samschdeg – woubäi et war laang am viraus ugekënnegt ginn – sinn se also all an de Lockdown gaangen? Jo, nee an awer iergendwéi. Wéi bei eis zu Lëtzebuerg, sinn all Geschäfter an Déngschtleeschtungen déi net fir den Alldag essentiell sinn zou, an dat fir ganzer 3 Wochen. Et gëtt ausser fir Schi-Aktivitéiten nach Ausname fir d‘Banken a Vëlosgeschäfter/Reparaturatelieren.

LockdownNet jiddereen an Éisträich ass iwwerzeegt, datt déi vun der Regierung getraffe Beschlëss déi richteg sinn. D‘Queeschdenker an d’Flaach-Äerd-Fetischisten hu folgerichteg nach vill besonnesch Spadséiergäng virun sech.

Et dierf ee säin Heem zwar zu all Dageszäit verloossen, mee et bréicht een dofir ee wierklech gudde Grond. Zu dëse „gudde Grënn“ gehéiere Spadséiergäng an natierlech (Wanter)Sport. De Kontakt zu aner Menage ass stramm gereegelt an wann dann den 18. Januar d‘Geschäfter an Kulturhaiser nees hir dieren opmaachen, muss een en negative Covid19-Test virweisen, fir Zoutrëtt ze erhalen.

Esou eng Mesure mécht Sënn, besonnesch da wann een, esou wéi de éisträichesche Bundeskanzler, dovunner iwwerzeegt ass, datt een dat aner Joer an eng drëtt Well wäert rutschen. Dat bedeit nees eng massiv Zounam vun den Infektiounszuelen an iwwerfuerdert Gesondheetsdéngschter. De Kurz ass allerdéngs och zouversiichtlech, datt et nom éischte Quartal 2021, och nees wäert besser ginn.

Déi verstoppte Message

Dank den Impfstoffer an den Tester, esou de Sebastian Kurz, wier nom éischte Quartal Entspanung ugesot, also méiglecherweis. „Ech rechnen domadder, datt mir am Summer nees am grousse Ganze sollten zu enger gewësser Normalitéit gelaangen. (…) Ech ginn dovunner aus, datt Testen an den nächste Méint zu enger Gewunnecht gëtt, wéi Zänn botzen“, esou de Kinnek vun den Alpen.

Wéi ee Sënn et bei dëser Viraussiicht mécht de Schi-Zirkus – wann och ënnert strikte Virschrëften – opzemaachen? Streng geholl keen, mee de Wantersport an Éisträich ass net nëmmen ee wichtege Wirtschaftssecteur et ass och ee Politikum an dee jonke Regierungschef well jo säi Mandat net nëmme behalen, mee wuel och nach eng Kéier verlängeren. Et ass also eng Fro vun der Balance…

LockdownAn da gëtt et natierlech déi wou der Usiicht, datt d‘Mesuren net wäit genuch ginn an déi oppe Schipiste wéi den „Encouragement“ Wantersport ze bedreiwe schlicht de falsche Wee ass.

Dat soll nëmme fir potentiell Wieler gëllen, firwat de „Frieme“ brutal Quarantainesvirschrëften entgéintgehale ginn. Domadder soll de Chaos op de Pisten an hirem Ëmfeld méiglechst verhënnert ginn. Schliisslech ass de gesamten Horesca-Secteur jo zou. Mee och déi Eenheemesch sinn zu hirer Genuch fir anstänneg eng lass ze maachen, an d‘Biller aus de sozialen Netzwierker sinn däitlech.

Sollt et weider esou zougoen, wéi dat op Stiefesdag um Semmering (Zauberberg) ze gesi war, dann ass zimmlech sécher, datt zumindest an Éisträich eng „drëtt-Well Garantie“ besteet. Wuel hunn all d‘Seelbunnen d‘Zuel vun de Gäscht déi an enger Gondel kënne mat gefouert ginn halbéiert an et muss een den Ticket am viraus online kafen, et huet keen ofgehalen sech an d‘Schlaang ze stellen.

mat indymedia/vie

Illustratioun: Et ass näischt fir déi „ënnescht Schicht“ vun der Gesellschaft. Wat beim Après-Schi net ka verdéngt ginn, an duerch d‘Reduktioun vun de Gondel-Kapassitéiten, muss jo awer versicht ginn engem aus der Täsch ze leieren. © Daniel Frank / unsplash

Related topics drëtt Well, Éisträich, Lockdown light, Schi-Aktivitéiten, Sebastian Kurz, Wantersport
Next post Previous post