Evolutionär Erkenntnisser: Paläontologen ënnersiche Schlaangenstär-Fossilien

Iwwert déi Millioune vu Joren koum et konstant zu evolutionäre Verännerungen an et huet sech eng grouss Aartevillfalt entwéckelt. Fir d’Fuerschung ass et dobäi oft schwéier Erkenntnisser zu den Iwwergäng tëscht den Aarten ze fannen a sou ganz prezis soen ze kënnen, wéi verschidde grouss Déieregruppen entstane sinn. Ma, bei dësem Fundus, deen eng international Ekipp aus Paläontologe gemaach huet, ass et anescht …

Op der schwedescher Insel Gotland goufen nei Schlaangestär-Fossilie fonnt. Dës wierbellos Mieresliewewiesen, déi Famill mam Séistär sinn, hunn zur Silurzäit (viru 444-419 Millioune Joren) gelieft. „Datt dës Fossilien trotz hirer offensichtlech wëssenschaftlecher Bedeitung bis ewell iwwersi goufen, ass duerch hir Gréisst liicht verständlech“, erkläert den Dr. Ben Thuy, Paläontolog am Naturmusée an Haaptauteur vun der Etüd. Si sinn nämlech knapp en hallwe Milimeter grouss.

Ma, well et sech bis dato ëm onbekannt Aarte gehandelt huet, haten d’Auteure vun der Etüd d’Éier, hinnen en Numm ze sichen. Dobäi hu si sech un de Bands inspiréiert, deenen hir Musek wärend der Aarbecht am Hannergrond gelaf ass: D’Rocker vun Deep Purple an de Metal-Grupp Mashuggah. Esou hunn d’Fossilien d’Nimm „Ophiopetagno paicei“ (inspiréiert um Ian Pace) a „Muldaster haakei“ (inspiréiert um Drummer Tomas Haake).

D’Fossilie bidden dobäi groussaarteg Erkenntnisser, wéini, wéi a wisou de moderne Schlaangestär entstanen ass. Den Iwwergang tëscht de béiden neie Schlaangestäraarten géif dobäi e Prozess vun der sougenannter Miniaturiséierung weisen. „Dës Verklengerung vun enger Aart zur anerer huet eng strukturell Vereinfachung vum Skelett erzwongen, wat zu der Kierperform gefouert huet, déi all modern Schlaangestäre kennzeechen“, sou d’Dr. Lea Numberger-Thuy vum naturmusée a Matautorin vun der Etüd.

Annexe:

Dernières nouvelles