Search

You may also like

Islamist Abu Walaa veruerteelt
Kultur Neiegkeeten

Islamist Abu Walaa veruerteelt

De vermuttlechen Däitschland-Chef vun der Terrormiliz Islamesche Staat (IS) ass

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!
Kultur Neiegkeeten

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!

Do muss een emol drop kommen! Nieft der innovativer Iddi

Den Nordstad-Bus 512 gëtt elektresch!
Kultur Neiegkeeten

Den Nordstad-Bus 512 gëtt elektresch!

E Méindeg ass den neie Projet vun der Elektrifikatioun vun

Dëse Sonndeg: Porte Ouverte vun der Schlammwiss

Dëse Sonndeg: Porte Ouverte vun der Schlammwiss

Matt 88 Hektar ass d’Schlammwiss dat gréisst Fiichtegbitt vu Lëtzebuerg a reecht vun Uewersyren bis Menster. De risege Mosaik aus verschidde Liewensraim suergt fir ee besonneschen Aarteräichtum u Flora a Fauna an och d’Zuchvullen notzen dësen Erhuelungsraum fir ze bréien. E Sonndeg kritt Dir d’Méiglechkeet d’Naturreserv a seng Beringungsstatioun kucken ze goen.

Rendez-Vous fir d’Visitt vun der Schlammwiss ass um 9:00 Auer um Parking vum Fussballsterrain vun Uewersyren. D’Umeldung ass, duerch d’Pandemie, obligatoresch (Jim Schmitz, Tel.: 621 293 695). Ma, och d’Droe vun der Schutzmask ass e Muss, d’Kleedung an d’Schong sollten esou gewielt ginn, datt se dierfe knaschteg ginn.

En natierlecht Paradis

Säit der Acquisitioun am Joer 1981 huet natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur sech mat grousse Projeten dofir agesat, datt déi breet Ëffentlechkeet iwwert d’Problemer vum Vulleschutz an der Erneierung vu Fiichtgebidder informéieren konnt.

Dëst Fiichtgebitt kann een als Wonner vun der Natur bezeechnen. E puer Nieweflëss lafen hei aneneen a verbannen esou d’Gemengen Nidderaanwen, Betzder, Schëtter, sou wéi d’Dierfer Uewersyren a Menster. Zudeem kann d’Schlammwiss 20 Hektar u Lëtsch (Schilf), zuelräich Weieren an e Bongert mat Entdeckungspad opweisen

Schlammwiss

Och den Äisvull fënnt geleeëntlech de Wee an d’Fiichtegbitt © natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur

Um Site, deen Deel vun der europäescher Schutzzon NATURA 2000 ass, ginn en immense Räichtum, Raritéit a Spezifizitéiten u Flora a Fauna vereent. Seele Planzen, wéi beispillsweis d’Sumpftigernuss an de kräftege Rohrkolben, Amphibien, Libellen an Zuchvullen fannen hei den ideale Liewensraum.

Kee Wonner, datt zuelräich pedagogesch Projeten, Sensibilisatiounsaktiounen a wëssenschaftlech Recherche – ënnert der Leedung vum Jim Schmitz, Sectioun „Ieweschte Syrdall“ vun natur&ëmwelt – gemaach ginn.

Naturfrënn sollte sech dës Porte Ouverte net entgoe loossen!

Opmaacherbild: Dronenopnam vun der Schlammwiss © natur&ëmwelt Fondation Hëllef fir d’Natur

Related topics Beringungsstatioun, Bongert, Fiichtgebidder, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Jim Schmitz, Lëtsch, Natur, natur&ëmwelt, porte Ouverte, Schlammwiss, Umeldung, Visitt, Weieren, Zuchvull
Next post Previous post