Search

You may also like

surprise
Mobility Night: e Bléck op den Ekosystem vun der Mobilitéit
International Neiegkeeten

Mobility Night: e Bléck op den Ekosystem vun der Mobilitéit

Wéi a virun allem wou sti mir haut a Saache

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier
International Neiegkeeten

Keen TTIP duerch d‘Hannerdier

Wann e Projet vun der EU op de Widderstand vun

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft
International Neiegkeeten

CoPil Mamer-Äischdall-Gréngewald: Fir d’Natur an eis Zukunft

Gëschter hunn am fréien Nomëtteg nees zuelräich Gemengen d’Charta zur

Schlechte Beholl méi zolidd bestrofen

Eis däitsch Nopere wëlle méi Entscheet géint Gaffen an „ënnert dem Rack filmen“ virgoen

Schlechte Beholl méi zolidd bestrofen

D‘Gaffer déi bei Accidenter och emol gären den Handy an den Asaz brénge fir méiglech Affer an de sozialen Netzwierker ze exposéieren, mä och déi onséileg „ënnert de Rack Cineasten“ sollen elo an Däitschland net méi mam „béise Fanger“ dovu kommen. D‘Justizministesch huet gëschter dem Bundeskabinett en entspriechend Gesetz virgeluecht an et geet dobäi och ëm Fräiheetsstrofen…

Fir déi däitsch Bundesjustizministesch Christine Lambrecht mussen dat Gaffen an den Upskirting ophalen, a wann d‘Leit sech net mat gudde Wierder nees op de richtege Wee leede loossen, da muss Gaffen an ënnert dem Rack filmen zur Strofdot erkläert ginn. Et misst een et dësen Onbeléierbare verdäitlechen, datt et keng Kavaléiersdelikter mee tatsächlech Verbrieche sinn. Elo gëtt bestrooft.

De sozialistescher Ministesch géif et dobäi net drëms goen, méiglechst vill Mënsche viru Geriicht ze bréngen, mee et soll iwwert dëse Wee e gesellschaftlechen Debat ugestouss ginn. An et ass och richteg datt et „dat fréier net ginn huet“, woubäi „fréier“ sinn et der nach zolitter op d‘Sabbel ginn an d‘Elteren hunn hir Kanner erzunn. Zudeem ass et „fréier“ net dee ganzen Technik-Schäiss ginn.

Haut awer mécht d‘Technik villes méiglech, firwat et der gëtt déi elo aneren d‘Liewen onméiglech maachen. Elo soll legiferéiert ginn: d‘Fotograféieren an d‘Filme vun Accidenter, wéi och d‘Verbreede vun dëse Biller am Internet, soll zum Delikt ginn. Bis ewell konnt nëmme bestrooft ginn, wien d‘Rettungsdéngschter behënnert a Verletzter entwierdegend duergestallt huet.

Mam Gesetz soll dat an Zukunft och fir Biller vu verstuerwene Persoune gëllen. Ob Geldstrofen an e méigleche Fräiheetsenzuch elo der mënschlecher Dommheet Grenze setze kënnen? Mee et sinn net eleng d‘Gaffer déi der Justizministesch den Hutt héich goen dinn. Och dat heemlecht Filmen ënner Rack oder Kleed (wat als Upskirting bezeechent gëtt) soll ënner Strof gestallt ginn.

Dës Biller, déi ëmmer nees an Fore gedeelt an deels esouguer „kommerziell“ genotzt ginn, riichte schreckleche Schued un. „Et trëfft d‘Frae schwéier wa si zu Objeten degradéiert ginn. Dat ass bis ewell awer nëmmen als „Uerdnungswiddregkeet“ betruecht ginn, an dat och nëmmen dann, wann den Täter d‘Affer beréiert oder zousätzlech beleidegt huet. Do soll elo haart duerchgegraff ginn.

mat indymedia/ber

Related topics Bundesjustizministesch, Christine Lamprecht, Gaffer, Gesetz, Upskirting
Next post Previous post