Search

You may also like

money
Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne
International Neiegkeeten

Am beschte liewe léisst et sech zu: Melbourne

Scho vir déi siwente Kéier hannert eneen, ass déi australesch

USA: Den „Donnie“ ass veriergert
International Neiegkeeten

USA: Den „Donnie“ ass veriergert

Et scho bal ee ganze Mount hir, datt Amerika gewielt

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem
International Neiegkeeten

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem

Nodeems Bréissel weider Sanktioune géint dat südamerikanescht Land verhaangen huet

Schleierhaft

D‘Schwäizer nennen et „Verhüllungsinitiative“ faktesch geet et ëm de Vermummungsverbuet

Schleierhaft

Ee Sonndeg 7. Mäerz hunn déi Schwäizer Stëmmberechtegt iwwert d‘Volleksinitiativ „Ja zum Verhüllungsverbot“ entscheet. D‘Bedeelegung huet bei 51,4% geleeën. Fir de Verbuet hunn sech dovunner 51,21%, dergéint hu sech 48,79% ausgeschwat. Domadder ass d‘Bier geschielt, an den eigentleche „Burka-Verbuet“ ass duerch.

Mat der Volleksinitiativ „Ja zum Verhüllungsverbot“ tgouf gefuerdert, datt keen an der Schwäiz säi Gesiicht „verstoppen“ dierf. Dat soll generell fir all ëffentlech zougänglech Plaze gëllen: vun den Administratioune bis hin zum Fussballstadion, am ëffentlechen Transport, de Geschäfter an esou och op der Strooss. Leedeglech an de Kierchen/Tempel oder aus Sécherheetsgrënn wier et erlaabt.

Et heescht allerdéngs och, datt d‘Touristinnen dovunner sollen ausgeholl sinn. Laut enger Etüd vun der Universitéit zu Luzern, wieren an der ganzer Schwäiz eng 30 Frae vun dëser Moossnam betraff. Am Tourismus- wéi dem Finanzsecteur bedauert een dëst Resultat, well grad Golfstaaten d‘Schwäiz fir sech entdeckt hunn. Wuel hätten se nach net den Niveau vun den USA oder China erreecht, mee eleng d‘Iwwernuechtunge vu Gäscht aus dem Noen Osten hu sech bannent 10 Joer verduebelt.

Den Tourismusdirekter vu Luzern, Marcel Perren, ass enttäuscht: „Mir Schwäizer gëllen eigentlech als Weltoppen, an mat dësem Volleksentscheed ass dëse Ruff beschiedegt ginn“. D‘Gäscht aus den ugeschwate Regiounen, maachen den Ament wuel manner wéi 5% vun de Gäscht insgesamt aus, si bleiwen awer wesentlech méi laang an hunn vill Geld, dat primär an de Luxusgeschäfter lant.

An den Touriste-Regiounen „Interlaken“ a „Jungfrau“ tgesäit et eppes anescht aus. Hei mécht den Undeel vun de Gäscht aus de Golfstaate mëttlerweil méi wéi 8% aus. Ball alleguerten d‘Biller, déi fir de Referendum benotzt goufen, kommen aus dëse Géigenden. Den Direkter vun Interlaken Tourismus, Daniel Sulzer: „ Fir eis ass sinn dës Touriste wichteg. (…) Eis Géigend bestécht duerch seng Waasserfäll a Schluchten an d‘Leit vun der arabescher Hallefinsel si begeeschtert“.

Hie befiercht allerdéngs keng Beschiedegung vum Image an stellt de Wëlle vum Schwäizer Vollek och net a Fro. De Vermummung-/Burkaverbuet géif jo, esou wéi et duergestallt gouf, nëmme fir d‘Residenten an net fir d‘Touriste gëllen. Zudeem gëllt dëse „Verbuet“ am Kanton Tessin schonn zanter 2016. Zanterhier kommen entspriechend manner Gäscht aus Saudiarabien, soen se emol…

mam Claire Delpiero, indymedia/luz

Illustratioun: Вадим Гайсин 

Related topics Burkaverbuet, Referendum, Schleier, Schwäiz, Vermummungsverbuet, Volleksentscheed
Next post Previous post