Search

You may also like

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken
Neiegkeeten

Dem „schlechte Beholl“ entgéintwierken

Well net nëmmen an der Stad Leit gëtt, déi et

Ouschterméindeg: Ännerunge beim Service Hygiène
Neiegkeeten

Ouschterméindeg: Ännerunge beim Service Hygiène

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt um Ouschterméindeg, den 13. Abrëll

Tëscht dem Uschi an dem BoJo gëtt et Gespréichsbedarf
Neiegkeeten

Tëscht dem Uschi an dem BoJo gëtt et Gespréichsbedarf

Um Freidegowend sinn d‘Gespréicher zu de Verhandlunge fir en Handelsofkommes

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen

D‘ULC kritiséiert déi weider Schléissung vu Postfilialen

Kuerz nodeems déi Lëtzebuerger Post eng 14% Erhéijung vun hiren Tariffer fir Postzoustellungen zu Lëtzebuerg bekannt ginn huet. Huet elo och nach d‘Annonce vun der kuerzfristeger Schléissung vu véier Postfilialen (Housen, Klierf, CHL a Bartreng) ginn.

De Konsumenteschutz (ULC) erënnert an dësem Zesummenhang drun, datt schonn 2015, 35 Postfilialen zougemaach goufen. Déi ugebueden Alternativen a form vu sougenannten „Point Post“, déi innerhalb de Raimlechkeete vu private geschaafter oder Entreprisen ugesidelt gi sinn, sinn no der Opfaassung vun der ULC kee vollwäertegen Ersatz.

Tatsächlech bidden nëmmen d‘Postfilialen all Post-Déngschtleeschtungen um selwechte Standuert un. Dowéinst kritiséiert d‘ULC d‘Schléissung vun enger ëmmer gréisserer Zuel vu Postfilialen, well d‘Post d‘Absicht huet, bis 2025 nach grad emol 15 Filialen ze bedreiwen. Fir d‘Cliente vun der Post bedeit dat eng däitlech Aschränkung, respektiv e verzicht op verschidde Servicer.

An alles gëtt méi deier

Dozou kënnt dann och nach déi ominéis Erhéijung vun den Tariffer fir Bréifzoustellung, inklusiv der sougenannter „ermässegten Entwäertung“ (Affranchissement à tarif réduit). Dat ass dann och schonn déi zweet nom Dezember 2015.

Engersäits gëtt de Service um Client ëmmer méi zréckgefuer, well dësen op ëmmer manner Plazen op déi komplett Offer vun den Post-Déngschtleeschtungen zréckgräife kann. Manner „Service“ bei steigende Präisser, ass net de Geschäftsmodell deen ee sech vun der Post géif erwaarden.

Dat ass engersäits bedauerlech, anersäits bedenklech. Ëmmerhi sollt een net vergiessen, datt de Statt zu 100% Aktionär vun der Post ass, an et Regierungsmemberen – oder zumindest vun der Regierung mandatéiert Vertrieder – sinn déi dës Verbraucheronfrëndlech Politik mat inzenéieren. Eigentlech eng wéi dat och bei der SNCT de Fall ass.

Rappt iech dach emol um Rimm

De Konsumenteschutz kritiséiert dës Politik a fuerdert d‘Post op, vu weidere Schléissung Ofstand ze huelen, well déi net am Interessi vun de Verbraucher sinn. Zudeem ënnersträicht d‘ULC nach eng Kéier, datt net all d‘Konsumenten an der Lag sinn hir Postgeschäfter, wéi och hir Bankgeschäfter iwwert den Internet ze erleedegen.

An dësem Zesummenhang weist de Konsumenteschutz nach drop hin, datt hir an tëscht ugeholl Petitioun géint asozial Bankfraisen och Post-Finance betrëfft.

Matgedeelt vun der ULC, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Gerhard Gellinger / Pixabay

Related topics Konsumenteschutz, Post, Post-Finance, Postfilialen, ULC
Next post Previous post