Search

You may also like

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!
Kultur Neiegkeeten

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!

An dësem Joer feiert natur&ëmwelt säin 100. Gebuertsdag. Nieft de

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?
Kultur Neiegkeeten

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?

Déi lénk kënnen sech just widderhuelen: „Den Tram ass eng

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert
Kultur Neiegkeeten

Déi Belsch Regierung ass un der Migratiounsfro gescheitert

De globalen UN-Migratiounspakt, dee vun den flammänneschen Nationalisten denoncéiert gouf,

Am Schluechthaus: Wéi Vergaangenheet a Géigewaart faarweg verbonne ginn

Bierger aus der Stad Lëtzebuerg, sou wéi déi grouss Ëffentlechkeet waren um leschte Samschdeg häerzlech op d’Porte Ouverte vum Schluechthaus zu Hollerech agelueden. Mat diversen ale Fotoen an den dozou passenden Informatiounen, interaktive Stänn, sou wéi musikalescher a kultureller Ënnerhalung konnt een an enger ganz spezieller Atmosphär d’Gebai mat senger liicht makaberer Vergaangenheet kenneléieren.

De Site vum Schluechthaus läit direkt un der Stad a verbënnt mat senger Fläch vun 2,5 Hektar d’Vergaangenheet, an der d’Schwäi fir eis Ernierung geschluecht gi sinn, mat der moderner Graffiti-Konscht, engem Beräich fir d’Skater an dem zukünftegen Ecoquartier. Dat ehemoolegt Schluechthaus, wat mëttlerweil der Stad Lëtzebuerg gehéiert an zu Hollerech direkt nieft dem Schoulcampus läit, huet 1997 seng Aktivitéiten agestallt a soumat dem Service Sports, sou wéi verschiddene Stocke fräi Plaz gebueden.

Elo wou feststeet, datt de Stater Sportsservice am kommende Fréijoer op een neie Site um Boulevard vun der Kockelscheier plënnert, wollt een der Ëffentlechkeet nach emol d’Méiglechkeet ginn, sech d’Raimlechkeeten unzekucken a selwer interessant Virschléi a kreativ Iddien ze deelen, wat een deemnächst mam Schluechthaus ufänke kéint.

Nodeems d’Maueren um leschte Samschdeg voll hounge mat originelle Propositiounen, wäerten dës Ziedelcher méi genau ënnert d’Lupp geholl a fir een architektonesche Concours genotzt ginn. Zil ass et esou och d’Bierger an d’Renovatioun vun dësem zentrale Gebai mat anzebezéien.

Een Tour duerch d’Vergaangenheet

Mat Feiler um Buedem gouf een agelueden, de ganzen Tour ronderëm an direkt duerch d’Schluechthaus ze maachen. Op de wéinegste Plazen ass dobäi nach d’Atmosphär vun de fréieren Aktivitéiten eriwwer komm: Mat der Zäit ass nämlech ëmmer méi vum Schluechthaus verluere gaangen, just Fotoen an Texter hu verdäitlecht, wat an dëse Raim emol geschitt ass.

Eng Dier vum Frigo, wäiss Plättercher an verwëlleft Kellere konnte mat vill Fantasie een Abléck an den Alldag vum Komplex zouloossen. Allerdéngs gouf een kuerz drop schonn erëm vun der Géigewaart ageholl, an där nu emol mëttlerweil de Skatepark, d’Graffitien, Musek a Spaass um Programm stinn. Ee Besuch war et trotzdeem wäert, an et kann ee sech immens gespaant weisen, wat een an Zukunft op dësem Terrain virfanne wäert!

Related topics Architektur, Concours, Graffiti, Hollerech, porte Ouverte, Schluechthaus, Skatepark
Next post Previous post