Search

You may also like

Kanns du méi wéi 12 Froen an eisem Lëtzebuergesch-Quiz richteg beäntweren?
Meenung Neiegkeeten

Kanns du méi wéi 12 Froen an eisem Lëtzebuergesch-Quiz richteg beäntweren?

[onionbuzz quiz-id=102][/onionbuzz] Si mer eis éierlech: di meescht ënnert eis

Wisefest dëse Weekend – mat Heavy Petrol
Meenung Neiegkeeten

Wisefest dëse Weekend – mat Heavy Petrol

Och dëst Joer organiséiert d’Amicale vun der Zeitung vum Lëtzebuerger

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Wootleche Krich
Meenung Neiegkeeten

Nei am Verlag Guy Binsfeld: Wootleche Krich

No „Aacht Deeg an der Woch“ a „Perl oder Pica“

Schluss mam Maskenzwang – Elo an Direkt!

Schluss mam Maskenzwang – Elo an Direkt!

Schonn am Januar vun dësem Joer, huet „FAIR Beweegung“ den Educatiounsminister Claude Meisch an engem entspriechenden oppene Bréif op d‘Maskeproblematik higewisen. Bis haut sinn dësem Bréif nach sechs weiderer gefollegt, an deenen de Minister zu enger Stellungnam opgefuerdert gouf, déi awer, wéi och schonn d‘Schreiwes aus dem Januar onbeäntwert bliwwe sinn.

„FAIR Beweegung“ fuerdert de Minister elo op, net eréischt ab dem 15. September ee maskefräie Schoulalldag ze erméiglechen, mee elo an dat direkt. Wann et méiglech war, ouni entspriechend Gesetz de Maskenzwang an eise Schoulen anzeféieren, esou muss et och méiglech sinn, direkt domadder opzehalen, och wann et nach esou am Gesetz steet – woubäi eng Gesetzesännerung, wann d‘Regierung da wéilt, bannent dräi Deeg méiglech ass.

Dat ëm esou méi, wéi dat aktuellt Gesetz eng Verletzung vun der Kannerrechtskonventioun vun der UNO ass, well dës steet iwwert dem nationale Gesetz. Wann national Gesetzer mat enger däraarteger Konventioun am Widdersproch stinn, gëllt d‘Konventioun, net dat nationaalt Gesetz. Dem Minister Meisch sollt dës Konventioun net onbekannt sinn, steet se dach am Agang vum ministerielle Gebai an de Rives-de-Clausen.

Vill Länner an och d‘Nopeschregioune Rheinland-Pfalz a Saarland hu mëttlerweil schonn ee Schlussstréch ënnert d‘Maskeflicht gezunn. „FAIR Beweegung“ fuerdert dohier gläichfalls den direkte Schluss vun der Maskeflicht och zu Lëtzebuerg, well:

  • sech d‘Otemnout, déi doduerch entsteet, mat héijen Temperature verschlëmmert;
  • d‘Réckootmung ënnert anerem d‘Denkverméigen aschränkt, zu Kappwéi, Iwwelkeet, Schwindel an Laangzäitschied féiere kann;
  • d‘Masken, wann se iwwert de ganzen Unterrecht- a Betreiungszäitraum gedroe ginn, reegelrecht Bakteriekulture produzéieren, déi der Gesondheet net fërderlech sinn.

Wien dorunner zweiwelt, soll sech unhand de folgenden, aktuelle Meta- bezéiungsweis Iwwersiichtstudien informéieren: https://www.mdpi.com/1660-4601/18/8/4344 – Hei nach de Lien zur Iwwersetzung a verschidde Sproochen: https://de.medicusante.com/translations. Ee vun den Auteuren am Interview fannt dir hei: https://www.bitchute.com/video/xCKQl0ajQvpQ/

Weider Annexen:

Abschaffung der Maskenpflicht in Schulen (Saarland, Rheinland-Pfalz):–> Saarland ab dem 17.06.2021 / Rheinland-Pfalz ab dem 21.06.2021 https://www.sr.de/sr/home/nachrichten/politik_wirtschaft/maskenpflicht_schulen_saarland_aufgehoben_100.html?fbclid=IwAR16Sljo68089XZ40_wsuUnn1XwOaDQPW6SfjRz8W_abqyzRx-s5PClNunE

Abschaffung der Maskenpflicht in den Schulen von Großbritannien 17.05.2021: https://schoolsweek.co.uk/pupil-face-mask-rules-to-be-lifted-from-may-17/amp/?__twitter_impression=true

Abschaffung der Maskenpflicht in den Schulen in Belgien am 19.04.2021: https://enfance-libertes.fr/belgique-le-port-du-masque-a-lecole-ne-sera-plus-impose-dans-les-ecoles-francophones-a-partir-du-19-avril/

Der Kanton Zürich setzt die Maskenpflicht an den Primarschulen bis auf weiteres aus (04.06.2021) https://www.nzz.ch/zuerich/zuerich-kanton-muss-maskenpflicht-fuer-primarschule-aufheben-ld.1628657?reduced=true

Schweden: MaskenVERBOT für Schüler: https://reitschuster.de/post/maskenverbot-an-schulen-in-schweden/?fbclid=IwAR1wuOTAPpbDO0RwWq2kvALjYvZYkAjVNyTJvAZyzU51PEduJPet8pMr5RY

oder https://www.expressen.se/kvallsposten/kommun-forbjuder-munskydd-i-skolan/

N.B. In Schweden gab es nie eine Maskenpflicht!

USA: über 30 US-Staaten haben Maskenpflicht abgeschafft https://de.rt.com/nordamerika/118210-usa-uber-30-bundesstaaten-schaffen/ USA (Stand14.06.2021) “To date, 25 states that had orders broadly requiring residents to wear masks in public places have lifted them. 11 (!) states did not impose mask mandates at any point during the pandemic. Several states, including Florida, Texas, Arkansas and Iowa, have moved via legislation or executive action to prevent cities, counties and school districts from instituting their own mask rules. …”

https://www.aarp.org/health/healthy-living/info-2020/states-mask-mandates-coronavirus.html

matgedeelt vu „FAIR Beweegung – fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser – d‘Meenung déi hei ausgedréckt gëtt ass déi vum Mouvement

Illustratioun: © Flavio Gasperini / unsplash

Related topics FAIR Beweegung, Kannerrechtskonventioun, Maskenzwang, Schoul
Next post Previous post