Search

You may also like

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider
Neiegkeeten

What the Fakt – de Kandinsky an déi blo Reider

Um 22. Januar 1909 huet de Wassily Kandinsky, zesumme mat

Editorial: Normal ass dat net
Neiegkeeten

Editorial: Normal ass dat net

Et gi Geschichten, déi schreift nëmmen d’Liewen. Do preparéiers de

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?
Neiegkeeten

Wat gëtt et am August Neies op Netflix ze gesinn?

Si mer eis mol éierlech: Et gëtt ni ze vill

Schluss mat Atomwaffen – Symbolesch Garde um 13. Juni zu Büchel

Schluss mat Atomwaffen – Symbolesch Garde um 13. Juni zu Büchel

Nodeems um 22. Januar 2021 den Atomwaffeverbuetsvertrag (TPNW) a Kraaft getrueden ass, zuelräich europäesch Staaten – dorënner och Lëtzebuerg – awer duerch den atomare Schutzschierm vun der NATO den Atomwaffen net de Réck zoudréinen dierfen, wäert den 13. Juni 2021 en Aktiounsdag bei der Militärfluchplaz zu Büchel stattfannen. Eleng op dëser Plaz leien 20 amerikanesch Atombommen, déi reegelméisseg moderniséiert ginn.

Fir QuattroPax, d’Friddens- a Solidaritéitsnetzwierk aus der Groussregioun, ass dës Moderniséierung mat Oprëschtung gläich ze stellen. Déi elo scho bedreelech Waffen sollen ëmmer méi eng effikass a prezis Wierkung kréien.

An der Europäescher Unioun wieren laut dem Netzwierk 100 US-Atombomme vum Typ B61, sou wéi an der Tierkei stationéiert. D’Nuklearmächte Groussbritannien a Frankräich hunn wärenddeem iwwer 530 Atombommen gelagert. Dobäi bidden eleng schonn d’Waffen zu Büchel, dat just 50 km Loftlinn vu Lëtzebuerg ewech ass, eng liewensbedreelech Gefor fir d’Groussregioun.

Den Atomwaffeverbuetsvertrag (TPNW) verbitt d’Entwécklung, d’Produktioun an d’Lagerung vun Atomwaffen. Wien de Vertrag ënnerschriwwen huet, dierf zousätzlech net mam Asaz vun Atomwaffen dreeën.

QuattroPax fuerdert, datt déi däitsch, franséisch, belsch a Lëtzebuerger Regierungen dem Vertrag zum Verbuet vun Atomwaffen (TPNW) bäitrieden. Dobäi mussen d’Atomwaffen aus Büchel, sou wéi a ganz Europa ofgezu ginn.

An dësem Kader gëtt e Sonndeg, den 13. Juni 2021 eng symbolesch Garde bei der Haaptentrée vun der Militärfluchplaz zu Büchel (Landkrees Cochem-Zell a Rheinland-Pfalz) geplangt Vun 12 bis 16 Auer wäerten hei eng Friddenstafel (Selbstverfleegung), Rieden a musikalesch Beiträg geplangt sinn.

Opmaacherfoto: Reegelméisseg gëtt zu Büchel géint d’Atomwaffe protestéiert, esou och den 30. August 2008 mat ëm 2.000 Participanten.

Related topics Aktiounsdag, Atomwaffeverbuet, Büchel, Friddens- a Solidaritéitsplattform Asbl, Mahnwache, Militärfluchbasis, QuattroPax, symbolesch Garde, TPNW
Next post Previous post