Search

You may also like

Bereet sech d‘NATO op en Ugrëffskrich vir?
International Neiegkeeten

Bereet sech d‘NATO op en Ugrëffskrich vir?

Am Kontext vum Konflikt an der Ostukrain, der Bäistandserklärung vun

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift
International Neiegkeeten

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift

No laangen a schmäerzvolle Verhandlungen, hunn d‘EU a Groussbritannien e

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung
International Neiegkeeten

Theaterstéck „E Känguru wéi du“ geet an d‘Verlängerung

Si sinn nees do: den Django, en homosexuelle Känguru, a

Schluss mat de Kricher an Impfstoff fir Jiddereen!

Poopst réit op Ouschteren zur Hoffnung an der Pandemie a warnt virum Wettrëschten

Schluss mat de Kricher an Impfstoff fir Jiddereen!

Et waren dem Kierchemann seng zweet Ouschteren am Pandemie-Modus, an hie muss feststellen: „D‘Pandemie ass nach ëmmer voll amgaangen. Déi sozial a wirtschaftlech Kris ass schwéier, dat besonnesch fir déi Äermst“. Den Argentinier fuerdert Solidaritéit an eng gerecht Verdeelung vun den Impfstoffer.

Mee et ass net nëmmen ee Virus an den drolegen Ëmgang mat dësem, dat dem Poopst Francis op d‘Strëmp geet. De Chef vun enger Beruffsgrupp, déi zanter se besteet, Waffen an Zaldote seent an d‘Krichsdreiwer éiert, ass skandaliséiert, datt déi bewaffent Konflikter an der Welt net ofhuelen an d‘Staaten oprëschten, wéi wann de leschte Kampf géif bevirstoen. Mee méi wéi en Appell geet net.

An och wann den ale Mann et „aus Grënn“ net éierlech mengt, de Staats- a Regierungscheffen un d‘Häerz ze leeën: „d‘Mentalitéit vum Krich muss iwwerwonne ginn“ war schonn zoutreffend. Mee an der Haaptsaach geet et op Ouschteren ëm eng imaginär Operstoung. An der Nout hält sech de Mënsch un allem Fest, esou och u Mythen, déi oft d‘Grondlag vun de Konflikter duerstellen.

Wat dem Kierchemann och dierft opgestouss hunn, wou hien sech dach ëmmer gäre Volleksno gëtt, ausser et wier een Homosexuell oder soss sexuell selbstbestëmmt, sinn d‘Aschränkungen déi mat der Pandemie anhier ginn. Net nëmmen datt d‘Pilger sech vum Vatikan mussen ewech halen, hien, de Poopst dierf deene fanateschsten net emol d‘Hand drécken. Alles fënnt hannert der Mauer statt.

Rousen aus Holland

Am selwechte Stil, wéi se iwwert d‘Skandaler bannent hirer Congregatioun beroden hunn, hu si och 2021 hir Ritualer hannert den zouen Diere vun der Basilika duerchgeholl. D‘Bezeechnung „klenge Krees“ trëfft hei net wierklech zou. An der Basilika, déi mat wäisse Rousen aus Holland dekoréiert war, hu just 200 Kardineel, Würdendréier an auserwielte Gleeweger dierfen d‘Ouschterfest feieren.

D‘Plaz vum hellege Pit, wou soss dausende Jesus-Groupie vum kierchleche Frontmann de Seegen Urbi et Orbi (fir d‘Stad an den Äerdkrees) empfänken, war verlooss. De SARS-CoV2 steet iwwert dem Glawen. An trotzdeem gouf de Seege verginn, mat deem de Fans d‘Strofe fir déi bereiten a gebeichte Verbrieche verzie ginn. Dat sinn iwwregens och déi, wou d‘Konflikter beendege sollen.

A senger Usproch un d‘Welt, also och déi wou sech net zur kathoulescher Kierch zielen, huet de 84 järege Mann am wäisse Rack eng solidaresch Verdeelung vun den Impfstoffer – speziell mat den äermste Länner – gefuerdert. Dobäi ass dach alles „Gottes Wëllen“, och déi sougenannten Aarmut. D‘Kricher an d‘Gewalt, gi fir gewéinlech ëmmer am Numm vun enger Glawensrichtung gefouert.

mat indymedia/rom

Illustratioun: © Rahul Chowdhury / unsplash

Related topics Ouschteren, Poopst, Relioun, Urbi et Orbi, Vatikan
Next post Previous post