Search

You may also like

Massaker am Burkina Faso
International Neiegkeeten

Massaker am Burkina Faso

Ee Samschdeg, esou d‘Informatioun déi eis e Méindeg erreecht huet,

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!
International Neiegkeeten

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!

Eng Woch no der Reprise am Fondamental schéckt de MENJE

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt
International Neiegkeeten

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt

„Hei ass et d‘Hell“, „Leit stierwe fir näischt“: Zu Marseille

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik

Gëschter huet d’EU-Parlament an enger éischter Liesung een neit Gesetz fir d’Bekämpfung vun Ee-Wee-Plastiksoffall ugeholl. D’Plenarofstëmmung verfollegt déi selwecht Decisioun wéi den Ëmweltausschoss virun zwou Wochen, bei der déi gréng et gepackt hunn, den Abitiounsniveau vum Kommissiounsvirschlag däitlech unzehiewen.

D’EU-Deputéiert Tilly Metz begréisst d’Resultat vun der Ofstëmmung. „Den Dreck um Strand weist, datt Plastiksoffall 80 bis 85 % vun alle Mieresoffäll an der Europäescher Unioun ausmaachen. De Plastik muss eraus aus eise Mierer. Mikroplastik mëscht net just Déieren am Mier dout a gefährt eis Gesondheet. D’Zäitalter vum Plastik muss een Enn hunn. Ech freeë mech besonnesch, datt gréng Ännerungsunträg zum komplette Verbuet vu besonnesch geféierlechen oxo-ofbaubare Konschtstoffer ugeholl gi sinn. Dës zersetzen sech zimlech schnell, léisen sech awer net komplett op, och wann dat oft ugeholl gëtt, mee landen als Mikroplastik an eiser Ëmwelt.“

Eng staark europäesch Gesetzgebung mat kloren Zieler fir manner Plastiksoffall am Mier an, an der Ëmwelt ass ee gudden Ufank. Mir kënnen d’Bierger u Plastiksoffall an d’Verknaschte vum Mier mat manner Ee-Wee-Produiten a besserem Produktdesign andämmen.

An Zukunft muss och h verstäerkt op ökologesch Alternative fir Verpackungen, Fläschen a Plastiksgeschir gesat ginn. Dat neit Gesetz wäert d’Produzenten duerch Kennzeechnungsvirschrëften dozou verflichten, de Verbraucher besser iwwert d’Produkt ze informéieren an Informatiounen zu enger besserer Offallentsuergung, wéi och zum Recycling unzebidden.

Plastik

Den Hannergrond

De Virschlag zur Verréngerung vun den Auswierkunge bestëmmte Konschtstoffprodukter op d’Ëmwelt ass een Deel vun der EU-Plastikstrategie. D’EU-Kommissioun huet dëse Gesetzesvirschlag am Mee virgestallt a virgeschloe, déi zéng Ee-Wee-Produite, déi am meeschten um europäesche Strand ze fanne sinn (beispillsweis Stréihällem, Teller an Iessgeschir aus Plastik) ze verbidden.

Des weidere sinn am Gesetz Bestëmmungen enthalen iwwert eng erweidert Hierstellerhaftung fir verschidde Plastikproduiten, wei beispillsweis Zigarettefilter oder Behälter fir Gedrénks. D’Firme ginn also finanziell haftbar gemaach fir d’Käschte vum propper maache vun der Natur.

Mir versenken am Plastik

70 % vun der Äerd si vu Waasser bedeckt. An all Quadratmeter dovu schwamme mëttlerweil honnertdausend Plastiksstécker, duerch déi d’Déiere qualvoll erstécken oder vergëft ginn. Et dauert 300 bis 400 Joer bis de Plastik sech zersetzt, an och da léist e sech net ganz op. Am Plastik sinn awer och eng Rei Gëftstoffer, wéi Weichmacher oder Flammschutzmëttel, enthalen, déi fir all Liewewiese schiedlech sinn. (Quell: www.wwf.de)

Wisou di mir eis, den Déieren an dem Planéit esou eppes un, wann et scho längst Alternative ginn? Ganz liesenswäert ass hei den Artikel zum Zero Waste.

Foto: © Picture Alliance

Related topics déi gréng, Ëmweltschutz, Gesetzvirschlag, Mier, Naturschutz, Offall, Plastik, Plastiksfläschen, Plastiksoffall, Plastikstuten, Tilly Metz
Next post Previous post