Search

You may also like

ASTI ënnerstëtzt a rifft zur Mobiliséierung op
International Money Neiegkeeten

ASTI ënnerstëtzt a rifft zur Mobiliséierung op

E bëssi iwwerall op der Welt hunn e Freideg Jonker

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett
International Money Neiegkeeten

Bieder vum Park: Zu Esch ass de Summer fir d‘Waasserrate gerett

Fir d‘Escher Bierger an d‘Awunner aus der Ëmgéigend déi sech

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand
International Money Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: d‘Kultur um Préifstand

Déi Escher hunn eng Etüd lancéiert, bei där et drëms

money

Elo ass Schluss mat TikTok a WeChat

Elo ass Schluss mat TikTok a WeChat

Den US-Handelsministère huet e Freideg an enger Notiz wësse gelooss, datt et ab dem Sonndeg net méiglech ass d‘Applikatiounen TikTok a WeChat an den USA erofzelueden. Zudeem soll d‘App WeChat och ab ee Sonndeg net méi funktionéieren, wärend TikTok ab dem 12. November soll vum Netz geholl ginn. Grond: Den US-President huet Sécherheetsbedenken…

Zanter Ufank August ass den Donald Trump drop aus dëser chinesescher Videoplattform de Stecker ze zéien, elo mécht seng Verwaltung eescht. Den Handelsminister Wilbur Ross huet erkläert, datt béid Applikatioune vun ee Sonndeg net méi kënnen op amerikanesch Handyen erofgeluede ginn. Et heescht weider, datt TikTok nach bis 12. November huet, fir d‘Sécherheetsbedenken auszeraumen.

TikTok

Et heescht, datt wann de Besëtzer vun TikTok, d‘Entreprise ByteDance sollt eng Eenegung, bezunn op seng Aktivitéiten an den USA, erzilen, da kéint dës Uweisung nach ausser Kraaft gesat ginn. Dat wier gewësse Quellen no, duerchaus méiglech. Zwee US-Konzerner kéinte bis zu 60% vun de Parte vun der Entreprise iwwerhuelen. Et géif sech dobäi ëm ORACLE a WalMart handelen.

Weider heescht et, datt d‘Chinese bereet wieren sech op dësen Deal anzeloossen an och säitens dem US-Handelsministère wier ee bereet, ënner dësen Ëmstänn TikTok weider bestoen ze loossen. Et brauch eigentlech nach just den Accord vum Donald Trump. Gett och deen dem Projet gréng Luucht soll TikTok Global an den USA op d‘Bourse bruecht ginn. Mee China misst deem och zoustëmmen.

TikTokFir TikTok wier et schwéiere Schlag vum US-Maart ausgeschloss ze ginn. D‘App ass an den USA net nëmme richteg lukrativ, mee och nach bei der Jugend mega beléift. Et wier awer och ee Schlag géint aner grouss Acteuren am Beräich „Sozial Netzwierker“. Esou huet de CEO vun Instagram, Adam Mosseri op Twitter matgedeelt, datt en TikTok-Verbuet eng éischter schlecht Noriicht ass.

E Spriecher vun TikTok dozou: „Mir si mat der Decisioun vum Handelsministère net averstanen a sinn enttäuscht, datt et den Download vun neien Uwennungen ab dem Sonndeg blockéiert an datt d‘Verwendung vun TikTok ab dem 12. November soll ganz verbuede sinn“. TikTok a ByteDance hunn dann och schonn emol eng Klo géint de presidentiellen Dekret agereecht. Et bleift spannend.

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © visuals / unsplash

Related topics ByteDance, China, Donald Trump, ORACLE, TikTok, USA, WalMart
Next post Previous post