Search

You may also like

money
EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee
Neiegkeeten

EU-Budget: Wou kee Wëllen ass, do ass kee Wee

Et hat vill Zouversiicht ginn an den EU-Rotspresident Charles Michel,

Einfach dat bescht: d‘Kimberley Dos Santos vum SC Beetebuerg
Neiegkeeten

Einfach dat bescht: d‘Kimberley Dos Santos vum SC Beetebuerg

Gutt elo direkt vun enger Iwwerraschung ze schwätze wier dees

Opgepasst! Nei Modalitéite fir d‘Notze vum ADAPTO
Neiegkeeten

Opgepasst! Nei Modalitéite fir d‘Notze vum ADAPTO

Zesumme mam ëffentlechen Transport, gëtt och de Service ADAPTO ab

Schnéi iwwer Europa

Haut heescht et am Verkéier eppes d‘Aen ophalen an sech op zolidd Behënnerungen astellen

Schnéi iwwer Europa

Um Mëttwochmueren hat mir ee klengen Avant-goût kritt, vun deem wat eis haut erwaart. War et gëschter nach eng onstabil Kalfront, esou muss haut een mat enger méi strukturéierter Situatioun rechnen. An dovunner si wäit Deeler vun Europa bedreet. Bei eis wäert et ab 8 Auer lass goen.

Eng gehéierlech Depressioun zitt vum Äermelkanal iwwert d‘Belsch erof Richtung Süddäitschland. Mat dëser Depressioun an der Kalfront, wäert Schnéi net ausbleiwen. Bei eise belschen Noperen ass schonn emol déi ganz Lëtzebuerger Provënz an Alarmbereetschaft an och bei eis dierft d‘Éislek am stäerkste betraff sinn. An den Ardenne gëtt mat enger Schnéidecke vu bis zu 20 cm gerechent.

SchnéiDat gëllt och fir eis Héichten, woubäi et an der Gewann net iwwer 5 bis 10 cm Schnéi sollt ginn. Et ass ee folglech gutt beroden sech op méi gehéierlech Wanterkonditiounen anzestellen. Besonnesch am Beruffsverkéier heescht et d‘rou behalen an sech op méiglech Retarden astellen. D‘Spëtz sollt bis 15 Auer erreecht sinn an ab 20 Auer sollt sech d‘Wiedersituatioun dann awer nees berouegen.

Well déi waarm Loft méi liicht ass wéi déi kal, wäert et Ament brauche bis sech de Schnéi nees a Ree verwandelt. Mat Temperaturen tëscht minimum 2°C a maximal 8°C wäert sech de Schnéi och op de Stroossen halen. E Freideg sollen d‘Temperaturen nees steigen an ee Samschdeg kann ee sech Plazeweis op Héchsttemperature vun ëm déi 12°C bis 14°C astellen. Mee et bleift weider naass…

SchnéiMat eppes Chance, hält sech de Schnéi am Norde vum Land eppes méi laang, da kéint een iwwert de Weekend eppes Wanterstëmmung opkomme loossen. Mam Schlitt fuere goe schéngt méiglech, fir Laanglaf wäert et sech net duer goen. Fir all déi sëlleche Leit déi un de Buergbrennen deelhuele sollt et allerdéngs heeschen sech gutt „anzepaken“. Fiicht-Kal, besser gëtt d‘Wieder net.

All d‘Warnunge fir Lëtzebuerg fannt dir hei op der Kaart vun der Meteo-Zentral

Foto: © Janko Ferlic / unsplash

Related topics Schnéi, Stroosseverkéier, Verkéierssécherheet, Wanter
Next post Previous post