Search

You may also like

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019
Neiegkeeten

Esch an Europa eng Sensibiliséierungscampagne fir d’Europawahlen 2019

Am Kader vun den desjähregen Europawahlen huet d’Stad Esch, a

Den Oprëschtungswahnsinn vun der Regierung muss gestoppt ginn!
Neiegkeeten

Den Oprëschtungswahnsinn vun der Regierung muss gestoppt ginn!

D’Majoritéit wäert héchstwahrscheinlech un dësem Donneschdeg, den 23. Juli, iwwert

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord
Neiegkeeten

London preziséiert d‘Konsequenze vun engem Brexit ouni Accord

De britesche Ministère dee sech ëm den Austrëtt aus der

Gepudderzockert – Andréck vu Randschelt

Nodeems gëschter de ganzen Dag iwwer Schnéi gefall ass, si Verkéierschaos a komplett Euphorie iwwert déi wäiss Flacken Hand an Hand gaangen. Wou déi eng sech geiergert hunn, dass d’Afaart nees fräigeschëppt muss ginn an een d’Vitess un d’Stroossekonditiounen upasse misst, hunn anerer freedeg de Schlitt agepaakt, d’Skibox ugedoen an hu sech dobaussen amuséiert.

Iwwerall uechtert d’Land waren d’Leit ënnerwee, fir déi gepudderzockert Landschaft ze bewonneren. Ma, och zu Randschelt, der klengster Uertschaft vu Lëtzebuerg, hu sech vill Famillen d’Geleeënheet net huele gelooss, fir hire Kanner a sech selwer eng Freed dobaussen ze maachen. Den een oder aneren Zougang zum Dierfchen war duerch Schnéi an Äis scho gespaart, an och de Wee erof an den Dall (an nees erop), wann ee vu Gréiwels, respektiv Kietscht komm ass, huet ee missen mat e bëssi Selbstbewosstsinn ugoen.

Ma, zum Gléck konnt ee mam Schlitt rolzen, wéi et engem grad gefall huet. Natierlech huet och d‘Schnéiballschluecht net dierfe feelen. A fir nom aktive ronderëm-Schlidderen nees erof ze kommen, huet sech de Meditatiounspad exzellent ugebueden.

An dësem Kader fannt Dir e puer Andréck uewen an der Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics Billergalerie, Gepudderzockert, klengsten Uertschaft, Randschelt, Schlitt, Schnéi, Schnéiballschluecht, Wanter
Next post Previous post