Search

You may also like

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!
Neiegkeeten

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!

Vergaangene Freideg huet zu Féiz den Trampolin- an Ninja Park

Gemeng Beetebuerg: Vereedegung vum Jean-Marie Jans
Neiegkeeten

Gemeng Beetebuerg: Vereedegung vum Jean-Marie Jans

No der groussherzoglecher Veruerdnung vum 26. Januar 2021 ass de

Friddensmarsch 2020 – Wisou d’Medezin zum Fridde bäidréit
Neiegkeeten

Friddensmarsch 2020 – Wisou d’Medezin zum Fridde bäidréit

Dëst Joer ass markéiert vun der sanitärer Kris, enger Pandemie

Bal 5 Millioune Schnelltester goufen un Entreprisë verdeelt

Bal 5 Millioune Schnelltester goufen un Entreprisë verdeelt

De Vizepremier Dan Kersch huet gëschter de Bilan vun der Campagne zu der Verdeelung vun den Antigen-Schnelltester fir Entreprise presentéiert. Mat dobäi waren d’Vertrieder vun de Gewerkschaften OGBL, dem LCGB sou wéi un d’Unioun vun de Lëtzebuergeschen Entreprisen.

Firme mat méi wéi 500 Mataarbechter konnten direkt vun der Offer profitéieren, woubäi 1,1 Millioun Schnelltester un d’Entreprisë geliwwert goufen. Vum 17. Mee 2021 un goufen 3,6 Milliounen Tester un 46.775 Entreprisen a Privatpersoune verdeelt, déi eng Botzfra beschäftegen.

Am Ganze goufen 82% vun den Tester ewech geholl an 61,2% vun den ageluedene Persounen oder Entreprisë sinn an ee Verdeelerzentrum gaangen. Mat 15.516 Passage ass den Zentrum zu Bartreng am meeschte besicht ginn, Zolwer louch mat 12.757 Visiteuren no dobäi, wärend um Fridhaff 9.350 Visiteuren an zu Gréiwemaacher 8.860 Visiteure gezielt gi sinn.

An dësem Kader hunn 120 Aarbechtssichend wärend zwou Wochen an a véier Verdeelerzentre matgehollef.

Nom Schluss vun der Campagne an de regionalen Zentre gouf den 29 Mee 2021 am Ministère ee Verdeelerzentrum ageriicht. Dofir konnten tëscht dem 31. Mee an dem 25. Juni nach 30.000 Tester un 208 Entreprisen oder Privatpersoune verdeelt ginn. De Minister Dan Kersch huet den Erfolleg vun dëser Campagne gelueft a gesot, datt d’Entreprisen d’Bedeitung vun den Antigen-Schnelltester verstanen hunn.

Des weideren hunn den Dan Kersch de Gemenge Suessem, Bartreng, Dikrech a Gréiwemaacher gratuléiert. Duerch hier logistesch Ënnerstëtzung hu si nämlech zum Erfolleg vun dëser Campagne bäigedroen. Et ass decidéiert ginn, d’Lag am September no der grousser Vakanz nei ze bewäerten.

Opmaacherbild: Am Mee huet de Minister Dan Kersch sech de Verdeelerzentrum zu Bartreng ugekuckt © SIP / Luc Deflorenne

Related topics Bartreng, Covid-19, Dan Kersch, Entreprisen, LCGB, OGBL, Pandemie, Schnelltester, Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprise, Verdeelerzentrum
Next post Previous post