Search

You may also like

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
Neiegkeeten

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

Wat een nach ab dem 26. Dezember akafe kann
Neiegkeeten

Wat een nach ab dem 26. Dezember akafe kann

Mam Gesetzprojet, deen um Dënschdegmueren an der Gesondheetskommissioun beroden, dann

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)
Neiegkeeten

Reegelméisseg héiert ee vu sou genannte Verfolgunge säitens der Police (Lieserbréif)

Sécher mussen déi „Béis” aus dem Verkéier gezu ginn. Et

Schnelltester an de Schoulen: En akzeptéiert Mëttel am Kampf géint Covid-19

Schnelltester an de Schoulen: En akzeptéiert Mëttel am Kampf géint Covid-19

Säit dem 19. Abrëll 2021 a bis zum Enn vum Schouljoer sollen d’Schüler an d’Schoulpersonal Schnelltester asetzen. Domat wëll den Educatiounsministère alle Persounen déi gréisstméiglech Sécherheet bidden, d’physesch Coursen bäibehalen a méi effikass op positiv Covid-19-Fäll äntwere kënnen. Ma, dëst Instrument schéngt vun alle Concernéierten akzeptéiert ze sinn.

Wärend d’Schüler vum Cycle 1 d’Schnelltester Doheem mat der Hëllef vun hiren Elteren duerchféiere sollen, ginn ab dem Cycle 2 dës Tester an der Schoul, mat Instruktiounen an ënnert Opsiicht vum Léierpersonal gemaach. Gëtt e positive Fall festgestallt, mellt den Enseignant et iwwert eng digital Plattform, wouropshin d’Elteren automatesch eng E-Mail mam Resultat vum Schnelltest geschéckt kréien.

Dem Educatiounsministère no, hätten d’Schüler keng Schwieregkeeten sech selwer ze testen. Ma, bei engem positive Resultat hätt e schnell gehandelt an d’Eltere sech organiséiert kritt, fir d’Kand aus der Schoul ze huelen.

Ganzer 85,5 % vun alle Concernéierten notzen d’Schnelltester, wouduerch sech d’Akzeptanz vun dësem Instrument am Kampf géint d’Pandemie beweist. An der Woch vum 26. Abrëll si ganzer 49.777 Tester gemaach ginn, wouvun der 43 positiv ausgefall sinn. Dëst ergëtt e Positivitéitstaux vun 0,078 % an de Schoulen a Lycéeën.

Och op der Sich no Informatiounen a bei der Participatioun u Formatiounen ass d’Resonanz grouss: Um 15. Abrëll huet de Gesondheetsministère 13.000 Vuen bei sengem Facebook Stream gezielt. Zousätzlech dozou hu 5 Deeg drop 3.880 Enseignanten um Webinaire deelgeholl, bei deem hinnen déi noutwenneg Informatiounen an Instruktioune matgedeelt goufen.

De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, seet dozou: „D’Aféierung vu Schnelltester an de Schoulen war en Erfolleg dank dem Engagement vun alle schouleschen Acteuren. D’Schnelltester sinn eng zousätzlech Garantie fir d’Ëffnung vun de Schoulen an droen zum Wuelergoen vun de Schüler an hirem schoulesche Fortschrëtt bäi.“

D’Schnelltester gi souwuel an ëffentlechen a private Schoulen, wéi och an de Maison Relaisen vu Schüler an dem Schoulpersonal duerchgefouert. Weider Informatiounen dozou ginn et op portal.education.lu/edutesting.

Related topics Akzeptanz, Claude Meisch, Covid-19, Educatiounsministère, Enseignant, Lycée, Maison Relais, Pandemie, Positiv Fäll, Schnelltester, Schoul, Webinaire
Next post Previous post