Search

You may also like

Coronavirus: Mask oder net Mask? (e Kommentar)
Neiegkeeten

Coronavirus: Mask oder net Mask? (e Kommentar)

Eigentlech sollt sech beméit ginn, kloer a liicht verständlech Erklärungen

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen
Neiegkeeten

Sonic Visions Festival 2019: De Fonke wollt net eriwwer sprangen

D’Escher Héichiewen hunn nees no Musek gejaut. Mam Sonic Visions

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!
Neiegkeeten

What the Fakt – 150 Joer franséische Wahnsinn mat de Folies Bergère!

Dës 13 Buschtawe brénge säit genau 150 Joer dat ganzt

Schnelltester an de Schoulen: Pilotphas vum 24. Mäerz bis den 2. Abrëll

Schnelltester an de Schoulen: Pilotphas vum 24. Mäerz bis den 2. Abrëll

D’Schüler an d’Léierpersonal op de Coronavirus ze testen ass net nëmme wichteg, mee och e wesentleche Bestanddeel vun der Anti-Covid Strategie vun Ministère fir national Educatioun, Kanner a Jugend. Dofir gëtt elo, no der Large Scale Testing Campagne, de Fokus op d’Schoule geluecht.

Mobil Testekippe si jo schonn an de Klasse mat engem positive Coronafall ënnerwee, fir d’Schüler testen. Elo steet eng Pilotphas vun Antigen-Schnelltester um Programm, fir de ganze Bildungssecteur ze stäerken. D’Zil ass a bleift dat selwecht: maximal Chancë fir d’Bildung, minimal Chancë fir de Virus.

D’Tester sinn einfach a praktesch, d’Resultat ka schonn no 15 Minutten ofgelies ginn. Kanner ab 6 Joer kënnen e souguer eleng maachen. Dëse Projet kéint nach ganz vill nei Infektioune verhënneren. Esou kann de Virus, wéi och seng Verbreedung besser iwwerwaacht ginn.

D’Pilotephas leeft vum 24. Mäerz bis den 2. Abrëll 2021. Doduerch wäert et méiglech sinn organisatoresch, technesch a psychologesch Schwieregkeete fréizäiteg ze erkennen. Wann alles gutt leeft, gëtt d’Verfaren no der Ouschtervakanz richteg an de Schoulen agefouert.

De Staatslabo huet fir dës Phas 9.000 Testkitten SARS-COV-2 ANTIGEN RAPID TEST erausgesicht. Dës ginn un 6 Piloteschoule verdeelt, dorënner 4 Fondamentale (Lëtzebuerg – Beggen; Esch-Uelzecht – Lalleng; Suessem – Scheierhaff; Diddeleng – Lenkeschléi) an zwee Lycéeën (den Atert Lycée Réiden an de Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht).

An deene Klassen déi dobäi sinn, kann all Schüler sech teste loossen. D’Kanner aus dem Cycle 1 kréien een Test, deen se doheem mat den Eltere kënne maachen. Eltere vu mannerjärege Kanner mussen eng Averständiserklärung ënnerschreiwen. D’Schüler, d’Elteren sou wéi d’Léierpersonal gëtt schrëftlech iwwert all Detail vum Projet informéiert, a Schüler a Schoulmeeschter kritt en Test, fir en Doheem an der Famill ze maachen.

D’Enseignante kréien en Erklärungsheft vun hirer Administratioun souwéi e Bewäertungsblat, wou se hir Observatioune vum Fortschrëtt vun de Selbsttester an hirer jeeweileger Klass notéiere kënnen. Op dëser Basis, entscheet den Educatiounsministère, a Consultatioun mam Gesondheetsministère, fir d’Selbsttester ze generaliséieren.

Related topics Antigen-Schnelltester, Atert Lycée Réiden, Bildung, Covid-19, Educatiounsministère, Lycée Hubert Clément, Pilotphas, Schoulen
Next post Previous post