Search

You may also like

dislike
Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent
Neiegkeeten

Katar-Kris: Fuerderungen ofgeleent

De Katar, vu sengen Nopeschlänner wéinst presuméierter Ënnerstëtzung vum Terrorismus

Eng gutt Begleedung fir d‘Summervakanz: Wäisheeten aus aller Welt
Neiegkeeten

Eng gutt Begleedung fir d‘Summervakanz: Wäisheeten aus aller Welt

Et ass, datt dierft kengem entgaange sinn, waarm dobaussen. Et

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!
Neiegkeeten

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!

Um éischte Weekend vum Juni organiséieren d’Lëtzebuerger Naturisten hir Porte

Projet Schnelltramstreck: A 15 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg op Esch

E Mëttwoch huet den Transportminister François Bausch de Projet zur Schnelltramstreck a sengem Mobilitéitskorridor tëscht der Stad Lëtzebuerg an de Südgemenge presentéiert. Esou soll et beispillsweis méiglech ginn an enger véierel Stonn vun der Cloche d’Or am Uelzecht Quartier sinn.

Déi zukünfteg Mobilitéitsoffer soll net nëmmen attraktiv, mee och nach performant ginn. Esou soll een Tram, deen op verschidde Streckenofschnëtter eng potentiell Vitess vun 100 km/h opbrénge kann, déi zwee ekonomesch Haaptpolen am Land matenee verbannen.

Schnelltram(v.l.n.r.) Frank Vansteenkiste, Ministère fir Transport an ëffentlech Aarbechten; Roland Fox, Direkter vun der Stroossebauverwaltung; François Bausch, Transportminister © MMTP

Eng nei Streck mat neien Arrêten

Den Trajet vu Persounen, déi all Dag vum Süden an d’Stad a vice versa mussen, hëlt konstant zou. De Bevëlkerungswuesstem féiert op den Autobunnen zu Zéifloss a Stau, sou datt den Aarbechtsdag oft scho mat verluerenen Nerven ufänkt. Dëse Stress kéint mat der Schnelltramstreck vermeit ginn.

Versprach gëtt a 14 Minutte vun der Cloche d’Or am Uelzecht Quartier ze sinn. Zu Spëtzenzäite soll all 7 Minutten een Tram dës Streck fueren, wärend een all 15 Minutte vun der Cloche d’Or bei d’Bielesser Gemengenhaus komme soll. Klappt et esou, wéi de Minister Bausch et sech virstellt, wier een a 26 Minutte bei der Universitéit um Belval.

Schnelltram© Bureau Schroeder & Associés

Geplangt sinn 13 nei Statiounen, mat 5 Verkéiersdréischeiwen. D’Streck soll 17,5 km zielen, wou op 10 km déi potentiell Vitess vun 100 km/h kann opbruecht ginn – Betounung op „potentiell“ a „kann“. Och eng Wëldbréck ass virgesinn, sou wéi 20 Projeten un eise Stroossen, déi mam Tram zesummenhänken. Fänkt ee mam Chantier un, wëll een nämlech direkt d’Autobunnen optimiséieren, d’Echangeuren upassen a fir Berouegung op de Stroossen an den Dierfer ronderëm suergen.

Den Avant-Projet vum Finanzéierungsgesetz soll bis Enn 2022 agereecht sinn. Den Transportminister weist sech zouversiichtlech dësen Delai ze packen. Zu gudder Lescht ware sech de François Bausch an d’Buergermeeschteren aus de Südgemengen eens: De Schnelltram bitt eng wichteg Verbindung, deen Atouten, wéi d’Kultur, den Enseignement, d’Fuerschung oder och de Fluchhafen einfach verbënnt.

Billergalerie: © Bureau Schroeder & Associés

Related topics Avant-Projet, Cloche d'Or, Mobilitéitskorridor, Schnelltramstreck, Stad Lëtzebuerg, Südgemengen, Uni.lu, Verbindung, Verkéier
Next post Previous post