Search

You may also like

Dem „Big Mike“ seng lescht Amtshandlungen
Neiegkeeten

Dem „Big Mike“ seng lescht Amtshandlungen

Wann sech déi ganz Welt den Ament op d‘Zukunft vum

Och Wierder kënne wéidoen!
Neiegkeeten

Och Wierder kënne wéidoen!

Haislech Gewalt huet vill Gesiichter. Et ass net nëmme Gewalttätegkeet an

D‘Ligue Médico-Sociale Informéiert
Neiegkeeten

D‘Ligue Médico-Sociale Informéiert

Aus Grënn déi op der aktueller sanitärer Situatioun berouen, si

Schnëssstécker an der Chamber

Eng animéiert Aktualitéitsstonn vun der CSV zu den Etappe vun der Sortie aus der Kris

Schnëssstécker an der Chamber

Et ass schonn esou net einfach an awer schéngt een tatsächlech drop beduecht ze sinn, et méiglechst nach eppes méi komplizéiert ze maachen. Beim Debat ass et dann ëm de Krisemanagement vun der Regierung gaangen. Eng Regierung, där een ënnerstellen dierf dat si „beméit ass“, leider ëmmer nees falsch Hoffnungen an d‘Welt setzt an zuweilen un ale Seelschafte festzehale schéngt.

D‘CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen, déi natierlech nëmmen 10 Minutten hatt – dat ass esou am Chambersreglement fir eng Aktualitéitsstonn virgesinn – war entspriechend a Faart an huet der Majoritéit „Merci“ gesot, datt déi eng „Interpellatioun“ gekonnt ze verhënnere wousst. Wieren d‘Koalitiounspartner net dergéint virgaangen, hätt de Sujet missen am Fong debattéiert ginn.

Elo hunn aktuell DP – LSAP – déi gréng awer weder Loscht nach Motivatioun engem Debat zur Krise-Sortie eppes Wäertvolles bäizedroen. A vun enger Regierung déi a punkto Kommunikatioun op der ganzer Linn versot huet, ganz bewosst un onverständleche Gesetzestexter festhält an vu 95.000 Impfunge pro Woch dreemt… „Strategie & Transparenz“ ze erwaarden ass vill verlaangt.

Den DP-Fraktiounschef verweist op d‘Mutatiounen, mécht sech lëschteg iwwert de Germanen hire Stufeplang an huet dobäi ganz vergiess, datt d‘Leit sech keng „Kritik“ mee „Perspektive“ wënschen déi och hie ganz aus dem Bléck verluer huet. Déi liberal orientéieren sech no „Wann“, „Eventuell“, „Vläicht“ a „Méiglecherweis“. Gutt de Gilles Baum ass jo eigentlech just Schoulmeeschter…

Fir de Mars di Bartolomeo (LSAP) war et ganz wichteg drop hinzeweisen, dat keen anert Parlament op der Welt, keng aner Regierung, esou oft am Parlament de Covid19 beroden an debattéiert huet. Mir Lëtzebuerger sinn evidenterweis déi virbildlechst Natioun, am Ëmgang mat der Pandemie. Hie géif awer och iwwert „evidenzbaséiert“ Decisioune freeën, wann nees musse Mesure geholl ginn.

Fir d‘Josée Lorsché (déi gréng) ass déi un d‘Regierung geriichte Kritik eng grouss Ongerechtegkeet wou si dach net nëmmen am Land alles zur vollster Zefriddenheet vun de Bierger a Residenten ënnerholl huet, mee sech an Europa, net nëmmen als beschtr Schüler presentéiert huet, mee ee risege Beitrag zur Léisung an dem Konsens bannent der Europäescher Unioun leeschte géif.

D’Oppositioun Rockt

Den ADR-Intervenant Jeff Engelen huet nees d‘Ouverture vum Horesca-Secteur gefuerdert, déi lénk vertrueden duerch de Marc Baum, erënnert nach emol drun, datt et och eng Sozialkris ass, an datt de President vun der Gesondheetskommissioun net d‘Wourecht seet, wann hie vun Evidenze braddelt. Woubäi et méiglech ass datt een an der LSAP generell vum Sujet iwwerfuerdert ass.

Fir de Sven Clement (Piraten) ass et eng Blamage an eng Offenbarung zugläich. D‘Majoritéit setzt sech an fir libertizid Mesuren a verbitt sech eng Diskussioun iwwert de Fong vum Problem. Et géife Motiounen ugeholl, déi een net ëmsetzt, Statistike bewosst mat falschen Zuele besat, an net emol méi am Konsens op plëtzlech Faite reagéiert. Op eng Bauchgefill-Regierung kann ee verzichten

Natierlech huet sech d‘Gesondheetsministesch, vun der Attack aus der Oppositioun net aus der Rou brénge gelooss. Si rappelléiert datt een nach ëmmer net alles iwwert de Virus weess, an datt ee sech hei am Land och weiderhin op d‘Unzuel vun de verfügbare Spidolsbetter orientéiert. Si weist drop hin, datt och déi aner Länner kee Plang hunn. Lackerunge wäerten awer kommen, iergendwann…

Illustratioun: Wéi de Bierger den Duerchbléck vun der Regierung an dëser Kris empfënnt. © Tony Kirill Balobanov / unsplash

Related topics Aktualitéitsstonn, Chamber, Covid19-Regierung, Erkenntnisser, Impfstrategie, Paulette Lenert
Next post Previous post