Et kéint héich hiergoen ….

Haut ass de Schnitzel a Blowjob-Dag!

Léif Männer, dat ass fir Iech! Haut ass nämlech de Schnitzel an Blowjob-Dag. Et kéint een soen, datt dësen Dag dat männlecht Géigestéck zum Vältesdag ass.

Domat ass et kee Wonner, datt de Schniblo-Dag genau véier Wochen nom Vältesdag, dee vun de Männer genotzt gëtt fir hier Zouneigung auszedrécken, ass. Vill Männer fillen sech duerch dësen Dag genéidegt an ënner Drock gesat. Hunn si deen richtege Kaddo? Dat Ganzt muss intensiv geplangt ginn – Recherchéieren, Albdreem, de Kontestand kucken, wéi bereet e sech dorop vir?

Den Dag soll jo perfekt ginn …

Ma fir dee Stress auszegläichen an ze kompenséieren (an am Kader vun der Gläichberechtegung) goufen d’Amerikaner kreativ. Haut däerfen d’Fraen sech fir de Schmock, d’Blummen an d’Opmierksamkeet revanchéieren. An zwar mat enger gudder Kichen. A mat der Zong. Iessen a Sex, wéi ee Mann huet dat dann net gär? Dobäi ass et natierlech egal, a wéi enger Reiefolleg dat Ganzt ass, am beschten esou wéi den Här et am léifsten huet.

Dësen inoffiziellen a satiresche Feierdag gouf am Joer 2002 vum Radio-DJ Tom Birdsey an d’Liewe geruff. Offiziell oder inoffiziell ass gehopst wéi gesprongen. Duerch déi sozial Medien huet de Schniblo-Dag grousse Succès a gëtt sou zimmlech iwwerall gefeiert.

Kacht zesummen a genéisst e puer romantesch Stonne mateneen. Et muss natierlech kee Blowjob sinn. Loosst der Fantasie fräie Laf. Et ass alles erlaabt wat Spaass mécht. Personaliséiert Äre Schniblo-Dag.

A bedenkt, den nächsten ass nach e ganzt Joer ewech.

Keng Loscht en einfache Schnitzel ze kachen?

Op (https://www.chefkoch.de/rs/scr/s0/schnitzel/Rezepte.html) fannt Dir e puer lecker Rezepter. Wann de Mann Vegetarier ass, ersetzt de Schnitzel einfach duerch säi Liblingsiessen.

Do bleift nëmmen nach eppes ze soen: Gudden Appetit!

Dernières nouvelles