Search

You may also like

Regional a fair mat „Fleesch vun der Atert“
Neiegkeeten Stories

Regional a fair mat „Fleesch vun der Atert“

Een néie Projet vun der „Kooperativ vun der Atert“ mam

The 100 – Déi aner Dystopie
Neiegkeeten Stories

The 100 – Déi aner Dystopie

Science Fiction presentéiert sech a ville Formen: et liest een

Den Niger gëtt vun enger humanitärer Kris bedreet
Neiegkeeten Stories

Den Niger gëtt vun enger humanitärer Kris bedreet

Am Niger sinn 2,3 Millioune Mënschen op humanitär Hëllef ugewisen,

Scho 50 Joer Greenpeace

Scho 50 Joer Greenpeace

Haut, de 15. September gëtt Greenpeace 50 Joer al. An dësem hallwe Joerhonnert hunn si sech nawell vill fir d’Welt engagéiert. Ugefaangen huet dës Aventure mat engem Grupp vu jonken Aktivisten, Pazifisten an Ëmweltschützer, déi versicht hunn, eppes géint Atomwaffentester zu Amchitka virun Alaska ze ënnerhuelen.

Mëttlerweil ass d’Organisatioun richteg grouss. Gewalteg. A se wiisst ëmmer weider. Greenpeace ass e Virbild fir vill Ëmweltschützer. 55 Millioune Länner, 3 Millioune Memberen, Dausende vu Fräiwëllegen an 3.000 Aarbechter suerge fir gutt geplangten sou wéi uerdentlech Organisatiounen. Dobäi ass hiert d’Motto selbstverständlech gewaltfräi Interventiounsaktiounen.

50 Joer Greenpeace wëll nawell vill heeschen. 50 Joer fir Gerechtegkeet kämpfen. 50 Joer gewannen a 50 Joer politesch Onofhängegkeet. Greenpeace steet am Déngscht vum Planéit. Do kann ee sech just wënschen, datt nach 50 Joer dobäi kommen. Dëse Gebuertsdag kann een notzen, fir iwwert eis nächst Handlungen nozedenken. Wéi stelle mir eis de Planéit an nächster Zukunft vir?

Et ass wichteg en A op déi klimatesch sou wéi op déi sozial Noutlagen ze hunn. Léisunge musse fonnt ginn. Mir mussen eis dofir asetzen, der nächster Generatioun eng gutt Zukunft opzebauen – do wou Schutz fir all Liewewiese garantéiert ka ginn. De Wee zeréck an d’Natur ass dofir essentiell.

An dëse 50 Joer huet Greenpeace schonns esou vill fir onse Planéit gemaach a bewisen, datt alles méiglech ass – wann een nëmme wëll. Et muss e just den néidege Courage fir d’Verännerung hunn. 50 Joer hunn dozou bäigedroen, datt keen radioaktiven Dreck méi an d’Mier geschmass gëtt. Oder datt d’Robbe brutal ëmbruecht ginn. 50 Joer veränneren eng ganz Welt. Generatiounen.

Et huet net manner Erausfuerderungen

Och elo sinn d’Erausfuerderungen nach gewalteg. De Klimaschutz, de Knascht am Mier, d’Ofholzung, Pandemien – de Kampf hëlt einfach keen Enn. Ma dës 50 Joer weisen awer, datt et derwäert ass. Mat der néideger Dynamik a Motivatioun ass alles méiglech.

Am Oktober 1984 gouf de Lëtzebuerger Büro vu Greenpeace an d’Liewe geruff. Deemools hat de Veräin nëmme Benevollen, hautdesdaags sinn et 21 Mataarbechter. Duerch zuelräich Spenden konnt d’Ëmweltorganisatioun sech ënnert anerem géint d’Juegd an nuklear Tester asetzen. Zemools zanter der nuklearer Atomkatastroph vun Tschernobyl 1986 setzt sech Greenpeace Lëtzebuerg dofir an, datt d’Atomkraaftwierk Cattenom zougemaach gëtt. Dëst ass nëmmen e puer Kilometer vu Lëtzebuerg ewech.

Am Joer 2010 hunn 600 motivéiert Ëmweltschützer den Zougang zu sämtlechen Esso-Tankstelle blockéiert, fir géint de Klimaschutz ze demonstréieren. Fir hier Aktiounskraaft ze stäerken huet Lëtzebuerg sech mëttlerweil mat Greenpeace Frankräich zesummegedoen. A vun dëser Zesummenaarbecht profitéiere Bëscher, Mierer a ganz Länner. Aus lokalen Erausfuerderunge sinn globaler entstanen.

Déi gréissten Erausfuerderung fir Greenpeace ass allerdéngs, d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren, ze informéieren an ze motivéieren. Well nëmmen zesumme kann een e ganze Planéit retten.

Wien Greenpeace ënnerstëtze wëll, kann sech hei informéieren:

Fotomontage: © Greenpeace

Related topics Ëmweltaktivisten, Ëmweltschützer, Greenpeace, Greenpeace Lëtzebuerg, Jubiläum
Next post Previous post