Scho Blutt gespent?

Um haitegen Dënschdeg ass de Weltbluttspendedag. Dësen, soll ënnert anerem op d’Relevanz vun den, dacks liewenswichtege Spenden opmierksam maachen.

Den Dag ass no dem Entdecker vun de Bluttgruppen, dem Karl Landsteiner genannt. Et war säi Gebuertsdag.

Dës weideren gouf dësen Aktiounsdag ënnert anerem vun der Weltgesondheetsorganisatioun an der Internationaler Gesellschaft fir Transfusiounsmedezin ausgeruff. Ausserdeem gëtt dësen Dag eréischt zanter 2004 weltwäit (an och all Joer) gefeiert.

Op dësem Dag gëtt dozou opgeruff, Blutt ze spenden. Et ass nëmmen ee klenge (fräiwëllege) Picks, dee fir een anere Mënsch d’Welt bedeite kann. Normalerweis gëtt ëm een hallwe Liter gespent.

Soulaang keng gesondheetlech Bedenke virleien, däerf jiddwereen tëscht 18 an 68 Joer Blutt spenden. Dobäi soll awer eng Rouzäit vun 2 bis 3 Méint tëscht de Spenden agehale ginn.

Dës weidere soll een ni op niichtere Mo spende goen. Et ass och ubruecht genuch ze iessen an ze drénken

Weider Informatioune fannt dir hei.

Dernières nouvelles