Search

You may also like

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten
Meenung Neiegkeeten

Kritik un der Vergab vun den EU-Spëtzeposten

Beim EU-Sommet vun de Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel (2.

EU Verdeedegung: Paräis begréisst d’Virschléi
Meenung Neiegkeeten

EU Verdeedegung: Paräis begréisst d’Virschléi

Ee Mëttwoch huet déi franséisch Arméiministesch Sylvie Goulard d’Virschléi vun

Luxembourg Mini Maker Faire – 1580 Persounen hunn deelgeholl!
Meenung Neiegkeeten

Luxembourg Mini Maker Faire – 1580 Persounen hunn deelgeholl!

Déi éischt Luxembourg Mini Maker Faire huet mat 1580 Participanten

Schoettermarial – déi Lénk hunn géint en Appell virum Verwaltungsgeriicht gestëmmt

Schoettermarial – déi Lénk hunn géint en Appell virum Verwaltungsgeriicht gestëmmt

D’Bebauung vum Schoettermarial war ee vun de Grënn, firwat déi Lénk dee neien allgemenge Bebauungsplang (PAG) vun der Stad Lëtzebuerg den 28. Abrëll 2017 net matgestëmmt hunn. D’Schoettermarial ass nämlech eent vun deene leschten Naturreservater an der Stad, déi onbedéngt ze schütze sinn.

Elo huet d’Verwaltungsgeriicht de PAG vun der Stad betreffend d’Schoettermarial annuléiert. D’Uerteel hält fest, dass déi néideg Ëmweltënnersichunge bei der Ofstëmmung iwwert de PAG nach net ofgeschloss waren an dass d’Ofstëmmung zu deem Punkt also rechtlech mangelhaft war. Et konnt nämlech zu deem Moment net beuerteelt ginn, ob d’deelweist Klassement vum Schoettermarial als Bauterrain mam allgemengen Intressi vereenbar wär.

Am allgemengen Intressi muss garantéiert sinn, dass de Grond a Buedem rationell genotzt an d’Ëmwelt geschützt gëtt. An dem Uerteel heescht et och, dass e Verweis op eng Iwwerpréiwung a Vervollstännegung bei engem spéideren Deelbebauungsplang (PAP) dee Mangel net ophieft.

Dat Uerteel ass als eng kloer Lektioun an eng Warnung unzegesinn, dass d’Ëmwelt muss geschützt an d’Gesetzer mussen agehale ginn. Et ass net zoulässeg, dass d’Biergerinnen an d’Bierger ofgewimmelt an op weider Prozedure vertréischt ginn, sou wéi dat an dësem Fall geschitt ass.

An der Sëtzung vum 28 September hunn déi 2 Conseillere vun déi Lénk am Stater Gemengerot deemno de Schäfferot opgeruff, dat Urteel unzehuelen a si hunn dogéint gestëmmt, dass d’Stad an Appell géing goen.

D’Conseillere vun de Majoritéitspartéien DP an CSV hunn dogéint fir en Appell gestëmmt. Si schéngen d’Lektioun net verstanen ze hunn.

Matgedeelt vun déi Lénk

Opmaacherbild: © Jakalya Toney / Unsplash

Related topics Appell, déi lénk, Naturreservat, Schoettermarial, Uerteel, Verwaltungsgeriicht, Warnung
Next post Previous post