An, haut schonn ee Kompliment kritt?

Wann net, da gëtt et héich Zäit. Haut ass nämlech de Weltdag vun de Komplimenter. Dëse gëtt den 1. Mäerz gefeiert. An dat ewell zanter 15 Joren.

Ee Kompliment ass eng frëndlech Äusserung: Eng Persoun seet enger anerer, wat hier un dëser besonnesch gutt gefält – oder positiv opfält. Dat kënnen esouwuel Eegenschaften oder Leeschtunge sinn, mee och äusserlech Mierkmoler. Een neit Kleedungsstéck, zum Beispill.

Dëse Weltdag huet säin Ursprong an Holland. Den Hans Poortvliet an aner Initiatore wëllen den Dag zum positiivsten a schéinsten Dag op der Welt maachen. Allerdéngs ass den Ëmgang mat Wierder net jiddwerengem säint. Eleng ee klengt Luef kéint deejéinegen a Verleeënheet bréngen. Anere fält et schwéier aus eegener Initiative, Positives bei senge Matmënschen unzemierken. D’Psychologie beseet, datt Komplimenter Glécksgefiller steigeren. An dat ass eppes Schéines!

Dobäi kann nach gesot ginn, datt den 1. Mäerz een onkommerzielle Kontrast zum Vältesdag ass. Haut soll jiddwereen eppes dovunner hunn.

Ee Luef oder ee Kompliment héiere mir dach alleguerte gären. Se dinn am Büro, op der Strooss oder doheem richteg gutt. Dacks bestinn Komplimenter, déi een mécht aus Wierder, déi ee selwer gären héiere géing. Haaptsaach, et ass ee fir een Ament glécklech.

Dobäi kënne Komplimenter bei engem Rendezvous d’Äis briechen, Sympathië fërderen oder d’Vertrauen an enger Bezéiung stäerken. Schéin Wierder steigeren d’Selbstbewosstsinn. Ma dësen Dag soll eis awer net dovunner ofhalen, dat ganzt Joer iwwer Komplimenter ze verdeelen!

Dernières nouvelles