Search

You may also like

„Streams“ vum Mehdi Hmili um Filmfestival vu Locarno
Business International Neiegkeeten

„Streams“ vum Mehdi Hmili um Filmfestival vu Locarno

Tarantula ass houfreg matdeelen ze kënnen, datt de Film „Streams“

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!
Business International Neiegkeeten

Stater Mobilitéitsdag -Esou gëtt de gratis ëffentlechen Transport gefeiert!

E Sonndeg, den 1. Mäerz geschitt endlech, wat scho séinlechst

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt
Business International Neiegkeeten

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu

Schonn nees Streik bei der DB

D‘Gewerkschaft vun de Lokféierer (GDL) mellt déi drëtt Streikronn fir d‘Deutsche Bahn un

Schonn nees Streik bei der DB

Fir d‘Voyageure vun der däitscher privatiséierter Staatsbunn gëtt et nees ongemittlech. Gëschter huet d‘GDL zu Frankfurt-am-Main annoncéiert, datt hir Lokféierer nees d‘Aarbecht néierleeën. Ugefaange gëtt traditionell mam Fracht verkéier (e Mëttwoch) an dann um 2 Auer Donneschdeg, bis viraussiichtlech 2 Auer Dënschdeg, rout och en Deel vum Persounentransport.

DB

De Gewerkschaftsboss Claus Weselsky: „Et ass dat eng vun de längsten Aarbechtskampfmesuren, déi mir duerchféieren an zwar absichtlech“. Dat nennt sech „Kloertext“ soll dann allerdéngs keng Undeitung op en onbefristete Streik sinn. Esou eppes steet den Ament guer net zur Debatt. Et ass ee bei der DB natierlech weiderhinn beméit, der Gewerkschaft béiswëlleg Absichten ze ënnerstellen.

Bei den zwou virechten Aktiounen, huet d‘Direktioun vun der DB vill Geld an Zäit investéiert, fir engersäits de Claus Weselsky perséinlech an anersäits d‘Gewerkschaftler insgesamt an Diskredit ze bréngen. Et kann een der DB-Direktioun och ënnerstellen, absichtlech, respektiv aus eegenem Wëllen eng Streiksituatioun erbäizeféieren. Dat lenkt vun der schlechter Déngschtleeschtung of…

DB

Interessant, dat dierf ee schonn ervirhiewen, d‘DB-Direktioun hätt sech den 3,2% méi Pai ugeholl a wier der eemoleger Covid19-Primm net méi ofgeneigt. Gestridde gëtt hei iwwert de Montant, an och bei der geplangter Betribsrentereform läit nach villes am Uergen. Bei den Usageren ass een deels Entspaant bis krass veriergert. An dercDirektioun, déi selwer net mat Zuch fiert, ass et egal…

mat indymedia/fra

Illustratioun: © Deutsche Bahn AG

Related topics Claus Weselsky, DB, Deutsche Bahn, GDL, Gewerkschaft vun de Lokféierer, Loun, Renten, Streik
Next post Previous post