Search

You may also like

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)
International Neiegkeeten Stories

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)

Nodeems den Donald Trump beschloss huet seng Zaldoten aus Syrien

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken
International Neiegkeeten Stories

Luxembourg Balloon Trophy: Sech d‘Land emol vun uewen ukucken

Reklamm ass eigentlech genuch gemaach ginn, a wiem et trotz

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
International Neiegkeeten Stories

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Schreiwes un d‘Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo, huet

Schosswaffen aus dem 3D-Drucker

Den Amerikaner Coly Wilson huet seng Onlineplattform nees opgemaach, op där ee sech Baupläng fir Schosswaffen erofluede kann, mee datt ass exklusiv den US-Bierger virbehalen.

Schosswaffen aus dem 3D-Drucker

Schon am Juli 2018 wollt de Grupp „Defense Distributed“, nodeems d‘Trump-Administratioun dëse gréng Luucht ginn hat, de Programm zur Hierstellung vu Waffe mëttels eng 3D-Drucker lancéieren. D‘Procureure vun aacht US-Bundesstaaten waren dogéint Stuerm gelaf. Keng zwee Joer méi spéit ass et esouwäit: den 3D-Drucker liberaliséiert de Waffebesëtz.

De Coly Wilson, deen am leschten Hiecht sech viru Geriicht huet misse Veräntwerte well him Vergewaltegung virgeworf ginn ass, ass elo als Sexualtäter an den USA registréiert. Nach ëmmer op fräiem Fouss huet hien sech nees senger Plattform „Defense Distributed“ zougewennt, déi wärend der Dauer vu sengem Prozess vun der britescher Dichterin Paloma Heindorff zu Austin (Tx) geréiert ginn ass. Si hat de Projet, deen si als eng vun den elegantste Forme vum Aktivismus bezeechent.

Bekannt gi war de Coly Wilson wéi d‘Plattform 2013 déi éischt Dateie fir den Drock vun enger kompletter a funktiounsfäeger Waff online gestallt hat. Et war also jidderengem, deen iwwert en 3D-Drucker verfüügt méiglech eng schaarf Waff komplett aus Konschtstoff hierzestellen. Déi huet och de Virdeel, datt si kaum vu Metalldetekteren entdeckt ka ginn. 2018 wéi gesot hat d‘Regierung d‘Gestreits opginn, an der Plattform erlaabt, hir „Aktivitéiten“ nees opzehuelen.

Elo ass de Coly Wilson domadder beschäftegt, déi per Geriicht erwierkten Ënnerloossung nees opzehiewen. Eng ofschléissend Entscheedung gëtt et säitens de Justiz nach keng. An der tëscht bitt de Coly Wilson iwwert seng Plattform, géint de Betrag vu 50 US-Dollar am Joer, Zougrëff op all déi Dateien, déi gebraucht gi fir sech an „Heemaarbecht“ ee Klabes auszedrécken. Woubäi dës offer ass op US-Bierger begrenzt. „Defense Distributed“ erlaabt just US-Bierger den Zougang.

Technesch ass et méiglech en Zougrëff aus dem Ausland mëttels Geolokalisatioun, eng Zougrëff ze verhënneren, mee et dierft schwiereg ginn, ze verhënneren, datt ee „Client“ seng Daten un drëtter, egal wou op der Welt weidergëtt. De Coly Wilson ass awer iwwerzeegt datt Amerikaner esou eppes net maachen, wann hinne gesot datt et illegal ass. Zudeem ass dat alles eng politesch Aktioun, esou den „Aktivist“ . Laut dem Coly Wilson handelt et sech hei ëm eng „intern Form vu Widderstand“.

mat indymedia/hou

Illustratioun: © Defense Distributed

Related topics 3D-Drucker, Coly Wilson, Defense Distributed, Schosswaffen, USA
Next post Previous post