Search

You may also like

Neies vun der Covid19-Front
International Neiegkeeten

Neies vun der Covid19-Front

D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert hat schonn Duerchblécke gelooss, datt sech Lëtzebuerg

En ass erëm do!
International Neiegkeeten

En ass erëm do!

Et gouf an de leschten Deeg vill Spekulatiounen iwwert de

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?
International Neiegkeeten

Wouhinner mat de Migranten aus dem Mëttelmier?

Zwee Schëffer vun Hëllefsorganisatiounen hu ronn 500 Migranten aus dem

Schottland wëll d‘Onofhängegkeet

Et ass Walkampf am héijen Norde vum britteschen Empire, an esou wéi sech do Johnson/Farage fir de Brexit agesat hunn, setzen sech hei Sturgeon/Robertson fir den Austrëtt aus dem (nach) Vereente Kinnekräich an

Schottland wëll d‘Onofhängegkeet

D‘Nicola Sturgeon, schottesch Ministerpresidentin ass eng Verfechterin vun der Onofhängegkeet a bei hire Landsleit schonn zimmlech beléift. Esou konnt ee Si zu Edinburgh mat Passante schwätze gesinn a Kanner sinn op se duergaange fir ee Selfie ze erhaschen. D‘Cheffin vun der „Scottish National Party“ (SNP) war gëschter „on the road“ fir de Kandidat Angus Robertson ze stäipen.

Den Angus Robertson ass de Spëtzekandidat vun der SNL am Staddeel „Edinburgh Central“. Hie gesäit sech politesch éischter als sozialliberale proeuropäesche Mënsch, an ass wéi vill Schotten, vum Londoner Diktat enttäuscht. Hie freet sech, datt bezunn op Ëmfroen, wéi am Kontakt mat de Leit, der SNP d‘Majoritéit am schottesche Parlament dierft sécher sinn. An dat hätt da Folgen.

Parlamentswalen

„Wann eist tatsächlech geléngt d‘Majoritéit ze erlaangen, wäert et zu engem weidere Referendum iwwer déi schottesch Onofhängegkeet kommen. An dësem soll och doriwwer entscheet ginn, sech nees banne kierzester Zäit der Europäescher Unioun unzeschléissen“, esou den Angus Robertson, deen 2014 scho vir d‘Onofhängegkeet agetruede wa. Et hat awer Grënn, datt et net geklappt huet.

Parlamentswalen

Wier et sech sengerzäit opgaangen, wier Schottland de facto baussent der Europäescher Unioun gewiescht, an d‘Britten hätten hinnen als EU-Member den Zoutrëtt jo wuel net zougestanen. Ganz ofgesinn dovunner, datt London och d‘Onofhängegkeet generell net akzeptéiert hätt an och ni wäert akzeptéieren. Et muss awer beduecht ginn, datt en EU-Bäitrëtt och fir d‘Schotten net einfach gëtt.

Zäit fir Emanzipatioun

Will Schotte sinn dann awer méi géint „London“, wéi dat se Angscht hätten „dësen Zäitraum net iwwerbréckt ze kréien“ mengt hirersäits d‘Nicola Sturgeon, déi nach emol däitlech mécht, datt et sech bei dëser Scheedung net ëm Nationalismus dréit, mee et schlicht ëm Demokratie geet. London hat a gudden Zäite wéineg fir Schottland iwwreg, a mat de schlechten Zäite weess en ëmzegoen.

ParlamentswalenIwwerraschungsvisite vum Gary Lewis zu Kikcudbright, wou hien dem Nicola Sturgeon och verséchert huet en Donneschdeg, déi zwou Stëmme fir d‘SNP ofzeginn © Fraser McDonald

Säit elo 14 Joer ass d‘SNP a Schottland déi Partei wou den Toun ugëtt, stellt awer aktuell nëmmen en Minoritéitsregierung. D‘Walen en Donneschdeg sollen dat änneren. Interessant dann awer och, datt déi gréng, grad wéi déi gegrënnte Partei ALBA, voll a ganz d‘Kaart vun der Onofhängegkeet ausspillen. D‘ALBA gouf vum fréiere SNP-Politiker a Frënd vum Nicola Sturgeon gegrënnt.

Den Alex Salmond gëllt als „politesche Papp“ vum Nicola Sturgeon, mee och dës Bezéiung sollt net halen. Si hu sech ëffentlech deraart massiv verbal ugegraff, datt ee Verbleif vum Alex Salmond an der Partei zu erhiefleche Problemer gefouert hätt. Op d‘ALBA realistesch Chancen huet sech eng Plaz am schottesche Parlament ze maachen? Enn der Woch kennt den Alex Salmond d‘Äntwert.

mat indymedia/edi

Foto: De schottesche Walkampf geet zum Schluss, Zäit fir déi lescht Selfie mat der (hoffentlech) duerch d‘Wale bestätegt Ministerpresidentin Nicola Sturgeon. Geet d‘Rechnung op, kann de Bléck op d‘Onofhängegkeet geriicht ginn, déi noutwenneg ass, fir nees der EU bäizetrieden. © Pete Wishart

Related topics ALBA, Alex Salmond, Nicola Sturgeon, Onofhängegkeet, Parlamentswalen, Schottland, SNP
Next post Previous post