Search

You may also like

Arel: E neie Fall vun afrikanescher Schwéngspescht
Neiegkeeten

Arel: E neie Fall vun afrikanescher Schwéngspescht

Wéi et eréischt gëschter offiziell gemellt ginn ass, soll den

dislike
D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress
Neiegkeeten

D’Piratepartei wëll prett fir de Wahlkampf sinn. Mee en interne Kampf dominéiert op hirem Kongress

Et sollt ee Perséinleches virun der Dier loossen. Mat dëser

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet
Neiegkeeten

Mauritius vun enger Uelegpescht bedreet

Ee groussen Uelegteppech bedreet d‘Küst vun der paradisescher Vakanzendestinatioun Mauritius.

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 18. Januar bis de 24. Januar

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 18. Januar bis de 24. Januar

Och an de Schoule kann een sech mam Coronavirus infizéieren. Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg – ëffentlech a privat.

145 Fäll déi dem Zeenario 1 entspriechen, goufen an ëffentlechen oder private Schoulen, souwéi a Kompetenzzentre gezielt. Dobäi bezitt sech den Zeenario 1 dorob, dass e Schüler oder d’Léierpersonal sech ausserhalb vun der Schoul ugestach an de Virus sech net an der Schoul verbreet huet .

Dem Zeenario 2 entspriechen 6 positiv Fäll. Si goufen am Fondamental, sou wéi an ëffentlechen oder private Lycéeë gezielt. Dësen Zeenario seet aus, dass d’Infektiounsquell ongewëss ass oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Schoul läit.

Et waren 12 positiv Fäll, déi dem Zeenario 3 entspriechen, dobäi. Si goufen an zwee Fondamentalen an engem Lycée gezielt. Den Zeenario 3 beseet, dass dräi bis fënnef positiv Fäll an enger Klass gezielt gi sinn.

D’Situatioun an enger Spillschoul vun der Lënster Lycée International School huet sech wärend dräi Woche vun engem Zeenario 1 zu engem Zeenario 4 entwéckelt. Dëst seet aus, dass et Infektiounsketten an der Schoul ginn an e puer Klasse betraff, respektiv fënnef positiv Fäll an enger Klass sinn.

No engem positive Covid-19 Resultat, goufen nach 4 weider Fäll identifizéiert. No enger ausféierlecher Ënnersichung konnt een erausfannen, das déi britesch Variant ënnert de Prouwen ass.

Fir d’Situatioun ënner Kontroll ze halen, si sécherheetshallwer sämtlech Schüler, sou wéi d’Léierpersonal aus der Spillschoul an dem Fondamental getest ginn. Déi mobill Ekipp ass zënter dem Mëttwoch op der Plaz.

Related topics Bilan, ëffentlech Schoul, Infektiounszuelen, Lënster Lycée, Positiv Fäll, privat Schoul, Schoul, Spillschoul, Zeenarien
Next post Previous post