Search

You may also like

Nei Petitiounen: Loscht op gratis Parken?
Neiegkeeten

Nei Petitiounen: Loscht op gratis Parken?

Um Freideg goufen zéng nei Petitiounen um Sonner-Site vun der

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden
Neiegkeeten

ASTA: Ee waarme, reenerege Wanter 2019-2020 mat e puer Rekorden

Zum Ofschloss vum meteorologesche Wanter 2019-2020 huet de staatleche Wiederdéngscht

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt
Neiegkeeten

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt

Um Mëttwoch hat et eng Entrevue tëscht enger Delegatioun vum

E rechtleche Kader fir Gesondheetsmoossnamen am Bildungs- a Schoulberäich

E rechtleche Kader fir Gesondheetsmoossnamen am Bildungs- a Schoulberäich

Gesondheetsmoossnamen am Schoulberäich, déi am Kader vun der Corona-Pandemie decidéiert goufen, sinn eng kriddeleg Geschicht. Et ass e grousst Gespréichsthema a vill Erausfuerderungen mussen nach bewältegt ginn. Den Unterrecht vun doheem aus, sou wéi déi allgemeng Verflichtung ëmmer an iwwerall eng Mask unzedoen, hunn hier Grondlag an engem Ministerschreiwes fonnt.

Elo gouf wärend enger Diskussioun an der Chamber, d’Kreatioun vun enger Rechtsgrondlag gefuerdert, fir datt dës Moossname méi formell sinn. Egal wéi et ass, dem Educatiounsministère seng Politik wëll de Schüler weiderhin d’Recht op Bildung garantéieren. Dëst soll geschéien, andeems sou laang wéi et méiglech a responsabel ass, de Cours an der Schoul ugebuede gëtt.

Ausserdeem soll séchergestallt ginn, datt een gezielt a flexibel op d’Entwécklung vun de Schüler ageet (maximal Chancë fir d’Bildung, minimal Chancë fir de Virus). Dës Ambitiounen ginn och vum Bildungs- a Schoulberäich appreciéiert. Fir dës Zieler ze erreechen, sinn ënnerschiddlech legal Approche méiglech.

Den Educatiounsminister Claude Meisch ass fir e legale Kader. Dëse soll d’Méiglechkeet bidden, datt noutwenneg Moossnamen iwwer dat groussherzoglecht Reglement decidéiert ginn. Wärend engem Austausch mam Staatsrot gouf schnell kloer, datt d’Ëmsetzung net evident ass, et koumen nämlech eng Rei vu verfassungswidderegen Hindernisser op, an déi hätten dozou gefouert, datt vill kleng Detailer an d’ Covid-Gesetz opgeholl missen ginn. Dofir hätt den Text, esou wéi e war wéineg Méiwäert gehat.

D’Konsequenz huet net laang op sech waarde gelooss, den Educatiounsminister Claude Meisch huet dëse Wee opginn an eng aner Richtung ageschloen: Elo wëll hien den Aktivitéitssecteur (Catering, asw) adaptéieren.

Esou sinn d’Aktivitéiten an de Wiessel vun der Schoul zum Homeschooling fest am Covid-Gesetz verankert – genee sou wéi dat obligatorescht Droe vum Maskeflicht. Déi Moossnamen – déi och ëmmer un d’Gesondheetssituatioun ugepasst ginn – kréien, sou wéi et soll sinn, eng zolidd legal Basis. Och all weider Moossnam gëtt an dësem Kader am Covid-Gesetz verankert.

Lokal Moossname gi weider a Form vun Recommandatiounen oder Quarantainë vun der Santé ugeholl.

Related topics Bildung, Claude Meisch, Corona, Covid19-Gesetz, Homeschooling, legale Kader, Maskeflicht, Pandemie, Schoul, Schoul doheem
Next post Previous post