Esch Calling! Vol. 1 – Mam Punk an d’Schwaarzt getraff!
D’Kulturfabrik zu Esch huet an dësem Joer een neie Festival
D’Kulturfabrik zu Esch huet an dësem Joer een neie Festival
Mam Programm vum Fabula Rasa versetzen d’Rotondes de Spectateur an
Trotz enger relativ laanger Pressekonferenz, vollgepaakt mat Zuelen, Statistiken a Schlussfolgerungen, huet d’Lëtzebuerger Bevëlkerung nach ëmmer e grousst Fragezeechen op der Stir. Vun der Ausso „An der Schoul stécht ee sech net un“ si mir mëttlerweil bei „Jo Infektioune sinn an der Schoul méiglech“ (gesot an der Minutt 49:49 am Video) ukomm, a mat „hätten“ a „kënnen“ gëtt ronderëm geschmass.
Nodeems d’Statistiken am Rapport zwar erkläert goufen, trotzdeem net wierklech verständlech sinn, ass et scho bal als Frechheet unzegesinn, datt weder d’Press d’Resultater vun der Analys zougeschéckt krut, nach de Rapport op iergendenger offizieller Säit ze fannen ass (mir loossen eis awer gären eppes Besserem beléieren, falls Dir e fonnt hutt). Nodeems een d’Zuelen also net direkt aus dem Dokument nach emol ukucken an analyséiere kann, bezéie mir eis elo op de Youtube-Video vun der Konferenz.
Wann d’Presenz vum Covid-19 an der Gesamtbevëlkerung klëmmt, dann kommen och d’Schoulen net dolaanscht, am A behalen ze ginn. Schliisslech begéine sech hei, sou de Ministesch Meisch, all Dag iwwer 120.000 Persounen. Generell wier et d’Zil dem Virus wéineg, der Bildung dofir vill Plaz ze loossen.
D’Statistiken hätte bewisen, datt déi opgestallte Moossnamen sech als effikass erausgestallt hunn. Just bei den ieweschte Klassen vum Secondaire sinn d’Zuelen u positive Fäll méi héich gewiescht. Eng Ausbreedung vum Virus duerch d’Schoule konnt duerch de Stufemodell (Zeenario 1,2 an 3) verhënnert ginn. Ma, aus dësem Grond wier et och net noutwenneg e generaliséierten AB-Modell anzeféieren.
„Mir hunn et fäerdeg bruecht d’Verbreedung vum Virus mat där dote Method (Zeenario 1-3) kënnen ze stoppen. D’Verbreedung vum Virus ass an den allermeeschte Fäll duerch den Zeenario 1 net weidergaangen, op schonns mir keng Quarantaine haten, op schonns mir konnten d’Beschoulung vun de Schülerinnen a Schüler weider och sécher stellen“; ënnersträicht de Minister. Virun der Allehellgevakanz waren 192 Klassen am Zeenario 2 an 3, wouduerch d’Schüler hu missen a Quarantaine goen an de reguläre Cours net konnt stattfannen. Hätt een op den Zeenario 1 verzicht, dann hätt sech déi Zuel verdräifacht.
Esou kënnt et zu dëse klengen Upassungen:
Eréischt wann d’Regierung seng Moossname méi streng fir d’Gesamtgesellschaftlech ausbaue géif, géif och de Bildungssecteur matzéien.
Zu den 3 Zeenarien, wéi eng Klass am Fall vun engem oder méi positive Fäll kategoriséiert gëtt an handele muss, ass vill Kritik opkomm, déi, wéi de Minister sot, och berechtegt ass. Fir méi Prezisioun bidden ze kënnen, wäerten et an Zukunft 4 Zeenarien ginn:
De Claude Meisch an de Romain Nehs preziséieren nach emol, datt d’Schoul net den Dreiwer vum Virus ass, mee déi meescht Infektiounen ausserhalb vun der Schoul zustane kommen. De Fondamental ass, no den Zuelen déi vun der sanitärer Inspektioun kommen, bei Wäitem manner vu positive Fäll betraff wéi de Secondaire. Dat erkläert de Generaldirekter vun der Educatioun domat, datt een an der Grondschoul nach net esou vill sozial Kontakter huet.
Kuckt een de Secondaire, da sollen et keng grouss Ënnerscheeder bei den Zuelen tëscht dem Enseignement Classique, dem General an der Formation Professionelle ginn.