Search

You may also like

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“
Neiegkeeten

Bare Brewing – White IPA: „Gudde Béier mécht gutt Mënschen“

Ei wat ass dat eloten e lecker Kärel, dréif Blond

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen
Neiegkeeten

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen

Et war eng Noriicht, déi esou keen aus der Downing

Fëmmen op der Terrass? Den Debat bleift aktuell
Neiegkeeten

Fëmmen op der Terrass? Den Debat bleift aktuell

Eng Petitioun vun Ufank des Joers hat tëscht de Fëmmerten

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?

Ginn d’Schoulbicher am Lycée elo gratis?

Dat gëtt op mannst elo vum Ministère analyséiert. Et gëtt gepréift, op am Schouljoer 2018/2019 d’Käschte vun de Schoulbicher kéinte vum Ministère iwwerholl ginn. Dobäi betount de Minister fir d’National Educatioun, de Claude Meisch (DP), datt d’Bicher deen Ament weiderhin iwwert den Eenzelhandel bezunn solle ginn. Dëst, domatter deen net geschwächt gëtt.

Ausserhalb dovunner gëtt vill doropper gehalen, datt esou d’Aarbechtsplaze bestoe bleiwen. Ëmmerhi géifen d’Schoulbicher laut dem Ministère fir e groussen Deel vum Chiffre d’affaire bei de Bicherbutteker suergen. Dëst ergëtt sech aus der Äntwert vum Minister op eng Parlamentaresch Ufro vum Deputéieren Fernand Kartheiser (adr).

Deen hat des weideren och d’Fro opgeworf, wéi een Afloss dat neit Lycéesgesetz op d’Auswiel vun de Schoulbicher hätt. Do erkläert de Minister, datt d’Programmkommissiounen d’Bicher proposéieren an d’Enseignantë déi misste gebrauchen. Bei de neie Fächer géifen d’Lycéeën méi Autonomie kréien.

 

Related topics Claude Meisch, Educatioun, Fernand Kartheiser, Lëtzebuerg, Lycee, Schoul
Next post Previous post