Search

You may also like

Mobbing-Virwërf am CHEM: „alles nees gutt?“
Neiegkeeten

Mobbing-Virwërf am CHEM: „alles nees gutt?“

Bei de Kolleege vum Honnertkommasiwen, war en Dënschdeg den neien

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn
Neiegkeeten

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn

En Donneschdeg huet de franséische President, Emmanuel Macron, kloergestallt, datt

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen
Neiegkeeten

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen

De 17. Oktober ass de Weltdag vun der Organspend. En

Schouldoheem on air!

Schouldoheem on air!

Am Kader vun der Woch, wou d’Educatioun nees op Distanz stattfënnt, bitt schouldoheem.lu ab en Dënschden, de 5 Januar 2021 de Schüler an dem Léierpersonal vun der Grondschoul all Dag 4 bis 5 Léiersequenzen tëscht 9:45 a 16:45 Auer am Livestream un.

Dës 30 bis 45 minuttelaang Sequenzen op Lëtzebuergesch loossen sech liicht an de Léierplang vun der Schoul integréieren a riichten sech un all Zyklen.

Och decken si eng grouss Varietéit un Aktivitéiten of: Theater, Musek, Danz a Kodéieren. D’Léierpersonal gëtt encouragéiert dat Bescht dorausser ze maachen. Natierlech sinn och d’Elteren häerzlech agelueden nozekucken a matzemaachen. D’Sequenze bleiwen no hirer Live-Sendung weiderhin zougänglech.

Dës pedagogesch Offere goufe vum Personal vum SCRIPT (Coordination Service for Educational and Technological Research and Innovation) souwéi mimamu.lu – Mir maache Musek, makedra.lu – Maach (k)een Drama, a vun op digital Fäegkeete spezialiséiert Schoulmeeschtere souwéi der École nationale de l’éducation physique et des sports entworf an entwéckelt.

Kanner déi un der deeglecher Flashmob Danzaktivitéit deelhuelen, gi belount: Bei enger zoufälleger Auslousung gi Präisser verdeelt.

De Programm vun den Léiersequenzen ass a fënnef Sproochen ze fannen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Portugisesch an Englesch.

D’Videoen sinn op YouTube op #schouldoheem ze fannen.

Related topics Danz, Kodéieren, Léiersequenzen, Schouldoheem on air, Schouldoheem.lu, SCRIPT, YouTube Video
Next post Previous post