Search

You may also like

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien
Neiegkeeten

ADR: e kontradiktoresche Koalitiounsaccord mat gudden Iddien

Wéi sech de Gast Gibéryen (ADR) e Mëttwoch an der

Oppene Bréif: Schluss mat der Maskarade
Neiegkeeten

Oppene Bréif: Schluss mat der Maskarade

Monsieur, Madamm, Mir beschëllegen Iech eng Politik ze féieren, déi

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng
Neiegkeeten

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng

2018 fënnt den Dag vum Timber an der Schongfabrick zu

D’Schoulen an de Coronavirus… e klengen Tëschebericht

D’Schoulen an de Coronavirus… e klengen Tëschebericht

De Coronavirus dreift iwwerall säin Onwiesen, och d’Schüler an d’Léierpersonal sinn net sécher. Dëse Rapport beschreift wéi d’Situatioun an den ëffentlechen sou wéi an de private Schoule war. D’Observatiounen an d’Studie goufe vum „European Centre for Disease Prevention and Control“ (ECDC) registréiert.

Wärend dem Schouljoer 2020/2021 gouf vum 4. bis den 8. Januar den Distanzunterrecht ugebueden. Zanter dësem Mount sinn och mobil Equippen an de Schoulen ënnerwee, déi d’Schüler testen, wann et zum „Zeenario 1“ komm ass. Vum 11. Januar un goufe sécherheetshalwer déi sportlech Aktivitéite staark ageschränkt.

Tëscht dem 8. an 12. Februar gouf opgrond vun den Infektiounszuelen erëm op Schoul doheem gewiesselt, duerch d’Aféierung vun de Semester gouf et och eng zwou Woche laang Paus vun den de Coursen. Ab dem 22. Februar 2021 ass dunn eng allgemeng Maskeflicht fir d’Schüler an d’Schoulpersonal agefouert ginn, dobäi ass et egal ob schoulesch oder ausserschoulesch Aktivitéite gemengt sinn. Kanner aus der Spillschoul (an ënner 6 Joer) sinn net vun dëser Moossnam betraff.

Schüler, déi a Quarantaine waren, mussen en negatiivt diagnostescht Resultat virweisen. Eréischt dann däerfen si erëm um Unterrecht deelhuelen. All weider Moossnam, déi am Kader vum Gesondheetsplang getraff gouf, si wéi scho gesot, d’Aschränkunge beim Sport, Begrenzung vun de Sëtzplazen an der Kantin a leider och d’Stornéiere vu Schoulausflich. Et ass eng batter Zäit fir d’Kanner.

Et gëtt getest …

D’Teststrategie an de Schoulen ëmfaasst dräi Elementer – grouss Large Scale Testing Campagne fir déi ganz Schoulgemeinschaft, Screening-Tester, déi vu Schoulen organiséiert ginn, well si en héijen Inzidenz-Taux hunn an natierlech den Asaz vu mobillen Equippen, déi nom Screening uerdentlech testen.

No der Chrëschtvakanz goufen 127.137 Schüler sou wéi d’Léierpersonal agelueden, sech testen ze loossen. Vum Léierpersonal hunn 51% deelgeholl, 9 goufe positiv getest. Vun den 33% Schüler déi sech teste gelooss hunn, waren 78 positiv. Dëst entsprécht engem Positivitéitstaux vun 0,22%. Och an der Fuesvakanz gouf invitéiert, dës Kéier waren d’Léierpersonal an d‘Mataarbechter vum Educatiounssecteur um Tuer. Et goufe 17.622 Aluedunge verschéckt.

Zanter dem Januar waren déi mobil Testequippen ënnerwee – an dat an 312 Schoulklassen am Fondamental an 224 Klassen aus dem Lycée. Et gouf 18.125 mol getest, dovunner waren 267 Tester positiv. Dëst entsprécht engem Positivitéitstaux vun 1,47%. Déi geteste Schüler waren a Kontakt mat engem positive Fall an der Klass. (Dat entsprécht dem Zeenario 1). Dës Campagne huet sech als wierksam erwisen.

Elo, no der Ouschtervakanz kommen d’Schnelltester un d’Rei. Den Educatiounsministère huet beschloss, dës Tester ab Mëtt Abrëll anzeféieren. D’Ziel ass et jo, Kontaminatiounsketten ze ënnerbriechen a souguer ze verhënneren. Doduerch gëtt och eng Kontinuitéit vum Unterrecht garantéiert. Dësen Test, deen eemol d’Woch duerchgefouert soll ginn, moosst d’Viruslaascht a weist un, ob déi geteste Persoun zu dësem Zäitpunkt ustiechend ass.

Schoulkanner vum Cycle 2 un realiséieren den Test selwer – natierlech ënnert der Opsiicht vum Léierpersonal. D’Schüler vum Cycle 1 (der Spillschoul) maachen den Test doheem, mat der Ënnerstëtzung vun den Elteren. Dësen innovative Projet gëtt natierlech vun de Schoulen a vum Gesondheetswiese genau iwwerwaacht.

Wat d’Zukunft ubelaangt, esou ass et leider esou, datt den Inzidenztaux nach ëmmer vill ze héich ass. Et ass wichteg d’Schoulen am A ze behalen. A genee dofir maachen déi nei agefouert Antigen-Schnelltester Sënn. Dobäi kënnt nach, datt déi nei Variante fir Onsécherheete suergen: bei eis zu Lëtzebuerg sinn dat haaptsächlech déi brittesch a südafrikanesch Variant. De Staatslabo, deen sech ëm d’Sequenzéierung këmmert, huet matgedeelt, datt 16% vun de Stéchprouwe positiv op dës Variante waren.

Dofir heescht et och nach ëmmer:Sécherheetsmoossnamen anhalen, d’Mask net vergiessen an déi néideg Distanz anhalen. Passt op Iech op a bleift gesond. De ganze Rapport kënnt Dir hei noliesen

Illustratioun: Sech an der Nues bueren ouni ee schlecht Gewëssen ze hunn (Paula Joubert / pixabay)

Related topics Coronavirus, Covid19, Home-Schooling, Schnelltester, Schoul, Selbsttester
Next post Previous post