Search

You may also like

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt
Neiegkeeten

Mir hunn eis um KUKI ëmgekuckt

Dee vun der Kielener Kulturkommissioun organiséierte Kultur- a Konschtfestival, huet

CSV: Mënschlechkeet elo!
Neiegkeeten

CSV: Mënschlechkeet elo!

Zënter Mëtt Mäerz ass d’Populatioun zu Lëtzebuerg confinéiert. Dat war

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist
Neiegkeeten

Franséische Beamte war e radikaliséierten Islamist

De Mickael Harpon schéngt net méi als „presuméierten Täter“ gehandelt

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 12. bis den 18. Juli

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 12. bis den 18. Juli

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg – ëffentlech a privat. Am Ganze goufen 241 Coronavirus-Fäll an de Schoulen gezielt.

212 Fäll déi dem Zeenario 1 entspriechen, goufen an ëffentlechen oder private Schoulen, souwéi a Kompetenzzentre gezielt. Dobäi bezitt sech den Zeenario 1 dorops, datt e Schüler oder d’Léierpersonal sech ausserhalb vun der Schoul ugestach an de Virus sech net an der Schoul verbreet huet.

Dem Zeenario 2 entspriechen 17 positiv Fäll. Si goufen am Fondamental, sou wéi an ëffentlechen oder private Lycéeë gezielt. Dësen Zeenario seet aus, dass d’Infektiounsquell ongewëss ass oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Schoul läit.

Dës weidere goufen 12 Fäll vum Zeenario 3 registréiert. Den Zeenario 3 beseet, dass dräi bis fënnef positiv Fäll an enger Klass gezielt gi sinn.

Den Zeenario 4 seet aus, dass et Infektiounsketten an der Schoul ginn sinn. Et gouf kee Fall registréiert.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Infektiounen, Pandemie, Schoulen, Zeenarien
Next post Previous post