Search

You may also like

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt
Neiegkeeten

En Ausbléck op den ukrainesche Konflikt

D‘Konferenz fënnt statt den 28. Februar um 19 Auer am

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter
Neiegkeeten

Réiden/Attert: Illegal Entsuergung vu Schofsiwwerreschter

Wéi d’Gemeng Réiden/Attert op de soziale Medie matgedeelt huet, sinn

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft
Neiegkeeten

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft

E Méindeg gouf de Sarg mam Läichnam vum George Floyd,

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 15. bis de 21. Mäerz

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg – ëffentlech a privat.

300 Fäll, déi dem Zeenario 1 entspriechen, goufen an ëffentlechen oder private Schoulen, sou wéi a Kompetenzzentre gezielt. Dobäi bezitt sech den Zeenario 1 dorops, datt e Schüler oder d’Léierpersonal sech ausserhalb vun der Schoul ugestach an de Virus sech net an der Schoul verbreet huet.

Dem Zeenario 2 entspriechen 53 positiv Fäll. Si goufen am Fondamental, sou wéi an ëffentlechen oder private Lycéeë gezielt. Dësen Zeenario seet aus, dass d’Infektiounsquell ongewëss ass oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Schoul läit.

Dës weidere goufe 38 Fäll vum Zeenario 3 registréiert. Den Zeenario 3 beseet, dass dräi bis fënnef positiv Fäll an enger Klass gezielt gi sinn.

Den Zeenario 4 seet aus, dass et Infektiounsketten an der Schoul ginn an e puer Klasse betraff, respektiv fënnef positiv Fäll an enger Klass sinn. Et goufe 6 Fäll registréiert.

Am Ganze waren et 397 Coronavirus-Fäll an de Schoulen.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Fondamental, Infektiounen, Lycée, Privatschoul, Schoul, Zeenarien
Next post Previous post