Search

You may also like

Ëmfro zum Confinement: Dat halen eis Bierger vun der aktueller Situatioun
Neiegkeeten

Ëmfro zum Confinement: Dat halen eis Bierger vun der aktueller Situatioun

Net nëmme Politiker sollten zur Zäit vum Confinement zu Wuert

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!
Neiegkeeten

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!

Metal gehéiert zu de skandinavesche Länner, wéi de Kachkéis zu

Kropemannsfest 2019 – Wann een et mam Waasser ze eescht hëlt
Neiegkeeten

Kropemannsfest 2019 – Wann een et mam Waasser ze eescht hëlt

De Waassergeescht huet geruff, Réiden un der Atert huet geäntwert.

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 19. bis de 25. Abrëll

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 19. bis de 25. Abrëll

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg – ëffentlech a privat.

270 Fäll déi dem Zeenario 1 entspriechen, goufen an ëffentlechen oder private Schoulen, souwéi a Kompetenzzentre gezielt. Dobäi bezitt sech den Zeenario 1 dorops, datt e Schüler oder d’Léierpersonal sech ausserhalb vun der Schoul ugestach an de Virus sech net an der Schoul verbreet huet.

Dem Zeenario 2 entspriechen 8 positiv Fäll. Si goufen am Fondamental, sou wéi an ëffentlechen oder private Lycéeë gezielt. Dësen Zeenario seet aus, dass d’Infektiounsquell ongewëss ass oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Schoul läit.

Dës weidere goufe keng Fäll vum Zeenario 3 registréiert. Den Zeenario 3 beseet, dass dräi bis fënnef positiv Fäll an enger Klass gezielt gi sinn.

Den Zeenario 4 seet aus, dass et Infektiounsketten an der Schoul ginn sinn. Et goufe 6 Fäll registréiert. Dat war an engem Lycée. D’Schüler goufen no enger privater Party positiv getest.

Am Ganze waren et 284 Coronavirus-Fäll an de Schoulen.

Opmaacherbild: © Kelly Sikkema / Unsplash

Related topics Coronavirus, Covid-19, Fondamental, Lycée, Neiinfektiounen, Schoulen, Zeenarien
Next post Previous post