Search

You may also like

Héije Besuch op der Pirmesknupp
Neiegkeeten

Héije Besuch op der Pirmesknupp

Um Site Pirmesknupp bei Kauneref ginn archeologesch Ausgruewungen ënnerholl, an

100 Joer diplomatesch Bezéiungen mat Polen
Neiegkeeten

100 Joer diplomatesch Bezéiungen mat Polen

De Groussherzogtum Lëtzebuerg an d’Republik Polen feieren an dësem Joer

Brexit-Austrëttsofkommen hëlt déi éischt Hürd
Neiegkeeten

Brexit-Austrëttsofkommen hëlt déi éischt Hürd

Den Europäesche Rot huet haut dem Brexit-Austrëttsofkommen zougestëmmt an eng politesch Erklärung

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 22. bis de 28. Mäerz

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 22. bis de 28. Mäerz

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg – ëffentlech a privat.

32 Fäll déi dem Zeenario 1 entspriechen, goufen an ëffentlechen oder private Schoulen, souwéi a Kompetenzzentre gezielt. Dobäi bezitt sech den Zeenario 1 dorops, datt e Schüler oder d’Léierpersonal sech ausserhalb vun der Schoul ugestach an de Virus sech net an der Schoul verbreet huet.

Dem Zeenario 2 entspriechen 51 positiv Fäll. Si goufen am Fondamental, sou wéi an ëffentlechen oder private Lycéeë gezielt. Dësen Zeenario seet aus, dass d’Infektiounsquell ongewëss ass oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Schoul läit.

Dës weidere goufe 36 Fäll vum Zeenario 3 registréiert. Den Zeenario 3 beseet, dass dräi bis fënnef positiv Fäll an enger Klass gezielt gi sinn.

Den Zeenario 4 seet aus, dass et Infektiounsketten an der Schoul ginn sinn. Léierpersonal a Schüler goufen positiv getest. 22 vun de Schüler an eng Persoun vum 1 Léierpersonal positiv Fäll goufe registréiert.

Am Ganze waren et 435 Coronavirus-Fäll an de Schoulen.

Opmaacherbild: © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid-19, Neiinfektiounen, Positiv Fäll, Schoul, Zeenarien
Next post Previous post