Search

You may also like

Wéi wierkt d‘Reform vun de Rettungsdéngschter?
Neiegkeeten

Wéi wierkt d‘Reform vun de Rettungsdéngschter?

Den 1. Juli ass d‘Reform vun de Rettungsdéngschter a Kraaft

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer
Neiegkeeten

LGX 2019: Eng „Convention“ vun de Superlativer

Et ass elo offiziell. „LGX – Luxembourg Gaming Experience“ bereet

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen
Neiegkeeten

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen

D‘Transitioun zu enger grénger Wirtschaft ass esou dréngend wéi nach

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 30. Mee bis den 6. Juni

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 30. Mee bis den 6. Juni

Dëse Bilan bezitt sech op all Schoul hei zu Lëtzebuerg – ëffentlech a privat. Am Ganze goufen 101 Coronavirus-Fäll an de Schoulen gezielt.

99 Fäll déi dem Zeenario 1 entspriechen, goufen an ëffentlechen oder private Schoulen, souwéi a Kompetenzzentre gezielt. Dobäi bezitt sech den Zeenario 1 dorops, datt e Schüler oder d’Léierpersonal sech ausserhalb vun der Schoul ugestach an de Virus sech net an der Schoul verbreet huet.

Dem Zeenario 2 entspriechen 2 positiv Fäll. Si goufen am Fondamental, sou wéi an ëffentlechen oder private Lycéeë gezielt. Dësen Zeenario seet aus, dass d’Infektiounsquell ongewëss ass oder wahrscheinlech ausserhalb vun der Schoul läit.

Dës weidere goufe keng Fäll vum Zeenario 3 registréiert. Den Zeenario 3 beseet, dass dräi bis fënnef positiv Fäll an enger Klass gezielt gi sinn.

Den Zeenario 4 seet aus, dass et Infektiounsketten an der Schoul ginn sinn. Et gouf keen Fall registréiert.

Related topics Coronavirus, Fondamental, Lycée, Neiinfektiounen, Schoulen, Zeenarien
Next post Previous post