Search

You may also like

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen
Neiegkeeten

Zesumme mat China wëll Lëtzebuerg d’Stären erfuerschen

Lëtzebuerg gräift zënter Méint no de Stären. An ëmmer méi

A Gedenken un de Samuel Paty
Neiegkeeten

A Gedenken un de Samuel Paty

Den OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW-OGBL) ass Fassungslos an an

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod
Neiegkeeten

déi lénk blécken zouversiichtlech op déi nei Legislaturperiod

déi lénk huet bei de Chamberwahle vu leschte Sonndeg liicht

Nee d‘Schoulvakanz gëtt net verlängert

Vum 4. bis den 10. Januar gëtt Fernunterrecht gehalen, esou de Minister haut de Moien

Nee d‘Schoulvakanz gëtt net verlängert

Nodeems sech de Regierungsrot fir méi streng Mesuren ausgeschwat huet, déi vum Premier an der Gesondheetsministesch e Méindeg der Ëffentlechkeet virgestallt goufen, a sech haut de Moien an der Gesondheetskommissioun zum Gesetzprojet 7738 gestridde gouf, huet den Educatiounsminister de haut och seng Mesure offenbaart.

Et hat jo Fuerderungen no enger Extensioun vun der Chrëschtvakanz fir d‘Schüler ginn, dat ënnert anerem och vu der Piratepartei. Dat mat der Vakanz ass „gestrach“, mee an d‘Schoul muss elo och keen. De Minister Claude Meisch huet erkläert, datt den Enseignement an der éischter Schoulwoch vun 2021 aus der Distanz operéiert gëtt. Dat heescht „Schoul doheem“ fir (bal) jiddereen.

Mee net alles spillt sech hei am virtuelle Raum of. Fir Primärschoulschüler (Fondamental) gëtt et keen „normale“ Programm, si sollen Aufgabe fir eng Woch digital zougestallt kréien. Hei soll nach emol op d‘Matière vum éischten Trimester zeréckgegraff ginn. Et heescht och, datt de Kontakt tëscht dem Personal an de Kanner soll erméiglecht ginn. Videokonferenze sinn net ausgeschloss.

Fir de Secondaire soll den Unterrecht zwar online, mee „normal“ stattfannen. Wéi, dat iwwerléisst de Minister den Enseignanten. Et soll awer an dëser Woch keng Prüfunge ginn. Wat mat de Jonken ass wou technesch net entspriechend equipéiert sinn? Egal, fir alles gëtt et Léisungen. Woubäi wann et bei dëser enger Woch bleift, sollt sech alles nees alenke loossen. Mee jo en Effort ass néideg.

Wann dann elo alles no „Plang“ leeft, da ginn d‘Schoulen den 11. Januar nees op. Wann ee bedenkt, datt den LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel nach am November gemengt hat, datt ee muss d‘Schoulkantinnen ophalen, well et fir vill Schüler déi eenzeg Chance op eng waarm Moolzecht ass, bleift ze hoffen, datt déi bis dohinner net erhéngert sinn. Eng Zuel dozou gëtt et nach ëmmer net…

Am Kontext vun de Betreiungsstrukturen (Crèchen, Maison Relais) huet den Educatiounsminister bestätegt, datt ausser fir Salariéeën aus dem Gesondheetssecteur, dës Institutioune fir de Public zou sinn. Bei Kanner ënner 13 Joer hunn d‘Elteren och nees Usproch op de Congé fir familiär Grënn. D‘Formulairen dozou fënnt een op guichet.lu. Esouwäit fir dat wesentlecht betreffend d‘Schoul.

Et soll eng securiséiert Rentrée ginn

Sech Testen (a spéider Impfen) loossen ass a bleift fräiwëlleg. Trotzdeem wier et natierlech besser wann einfach jidderee géif matmaachen. Fir d‘Kanner an d‘Eltere gemeinsam ze motivéieren, soll all Kand eng Invitatioun zougestallt kréien, fir ee PCR-Test ze maachen. Och d‘Enseignanten an d‘Educateuren aus alle Beräicher kënnen sech teste loossen. Vill méi Aktivitéite bidden sech net un.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet an dësem Kontext nach drop higewisen, datt dës „Aluedungen“ an den nächsten Deeg verschéckt ginn, also wuel eréischt no Chrëschtdag ukommen et also heescht, sech zäiteg ëm een Termäin beim LST (Flächendeckenden Test) ze beméien. Laut dem Minister wier do schonn zimmlech Undrang.

Wéi elo d‘Gewerkschaften, d‘Schüler-, Studenten- an Elterevertriedungen domadder ëmginn? Si wäerten sech mat Sécherheet dozou äusseren. Dës zousätzlech Woch, wou et an de Gebaier eppes méi roueg zougeet, ka jo genotzt ginn, fir déi bestallte CO²-Miessapparater an alle Klasse vun och alle Schoulen opzeriichten. Hiren Notzen? Si erënneren drun dat muss gelëft ginn…

Illustratioun: © Annie Spratt / unsplash

Related topics Chrëschtvakanz, Claude Meisch, Covid19, Crèche, Kompetenzzentren, Maison Relais, Schoul
Next post Previous post