Search

You may also like

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)
Neiegkeeten

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a

Stad Lëtzebuerg: vill Chantiere féieren zu Behënnerungen am Verkéier
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: vill Chantiere féieren zu Behënnerungen am Verkéier

D‘Stad Lëtzebuerg ass voll an der Verännerung, an d‘Chantieren déi

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!
Neiegkeeten

Hongereg Gefor: Den Äisbier ouni Äis!

Den Äisbier braucht dat arktescht Mieräis fir Robben ze joen.

Schraasseg: Nei Direktesch wëll déi Schwaach schützen

Zanter gëschter huet de Schraasseger Prisong eng nei Direktioun

Schraasseg: Nei Direktesch wëll déi Schwaach schützen

Mam Joke van der Stricht huet fir d‘éischt an der Geschicht vum carcerale Milieu, eng Fra déi voll Verantwortung an Entscheedungsgewalt vun engem Lëtzebuerger Prisong iwwerholl. Et ass keng Iwwerraschung, datt déi 33 järeg Kriminologin, déi zanter 2013 Directrice-Adjointe war, op dëse Posten nominéiert ginn ass.

Grousst Gedauschs zur Amtsaféierung ass net virgesinn, d‘Fra ass bekannt a muss net wierklech nei virgestallt ginn. Zudeem ass Pandemie, an de Covid19 stellt och zu Schraasseg esou eppes wéi ee „Problem“ duer. Hei gëtt alles ënnerholl – an dobäi kann et virkommen datt Grondrechter sech mussen Hannen ustellen – fir de Coronavirus „auszeschléissen“. D‘Prozedure sinn entspriechend.

Déi „Nei“ gi fir siwen Deeg a Quarantaine geschéckt, wou se sech mussen zweemol teste loossen. Ass dat iwwerstanen, dierf dee „Neien“ och mat deenen „Aneren“ a Kontakt kommen. Dës schonn erschwéiert Haftkonditioune sinn net nëmmen Erfollegräich, mee droen och hir Friichten. Offiziell heescht, datt zanter Mäerz 2020, 4 bis 5 Prisonéier sech infizéiert hätten a keng Infektioun bannent dem Prisong festgestallt ginn ass.

Méi Prezis wéi 4 bis 5 Prisonéier geet net, wat drop schléisse léisst, datt sech zumindest déi längst kritiséiert Kommunikatiounsstrategie, net verbessert huet. Am Kontext vun der Pandemie huet déi nei Directrice och nach emol kuerz den Opstand am Mäerz ernimmt. Et wier heibäi awer ëm Froe vum Strofvollzuch gaangen, a manner ëm de Covid19, wéi dat sengerzäit vun de Medie verbreet soll gi sinn. All d‘Froe wiere gekläert an zanterhier géif alles beschtens lafen.

Alles beschtens…

Et gëtt och insistéiert, datt de Prisong zu Schraasseg mat den ongeféier 500 Gefaangenen – dovunner „ongeféier“ 20 Fraen awer ouni Mannerjäreger – a kengster Hisiicht iwwerbeluecht ass. D‘Hallschent vun de Leit déi asëtze sinn an Untersuchungshaft.

Dës Untersuchungshäftlinge sollen awer iergendwann zu Suessem am „neie“ Prisong ënnerbruecht ginn. Wéini? Wann dëse gebaut ass. Dat ass da wéini? Iergendwann… Dem fréieren Direkter Michel Lucius seng Kommunikatiounsstrategie huet Spueren hannerlooss…

Wou d‘Rees soll

Elo ass déi Suessemer Annex vu Schraasseg awer ee wichtege Bestanddeel, vun de Projeten, déi vun dëser Ambitionéierter Fra an de Raum gestallt ginn. Esou kënnegt d‘Joke van der Stricht laangfristeg Projeten un, bei deenen de Suessemer Prisong eng wichteg Roll spillt. Wourëms geet et dobäi?

De jonker Kriminologin ass et en Uleies, déi schwächst an dësem Raue Milieu besser ze schützen, virun der Gewalt déi vun aneren Häftlingen ausgeet, wéi déi Gewalt wou se bereet sich selwer unzedoen. D‘Joke van der Stricht gesäit vir eng „Wunneenheet“ fir dës, meescht Jugendlech Insassen ze schaffen. Déi sollen de Milieu dann net méi op déi „haart Manéier“ kenne léieren.

Am Prisong géif et zudeem net nëmme Problemer „krimineller“ Aart, déi wieren nëmmen en Deel vum Ganzen. Zu Schraasseg, an dat schéngt och zuweile problematesch ze sinn, komme vill verschidden Nationalitéiten zesummen. Ongeféier d‘Hallschent vun de Prisonéier sinn Auslänner, déi „meescht“ kéimen aus den Nopeschlänner.

Mam radikalen Islamismus hu mir zu Lëtzebuerg allgemeng keng Problemer, och am Prisong géif et där keng. Géif sech de Problem konkretiséieren, wéilt ee mat der Verwaltung zesummeschaffen, fir dës besser ze iwwerwaachen an esou ze verhënneren, datt anerer radikaliséieren.

Illustratioun: © Tim Höffner / unsplash

Related topics Haftkonditiounen, Joke Van der Stricht, Kriminologin, Prisong, Schraasseg
Next post Previous post